Als Gewerkschaftsunioun hätt ee sech dogéint gewiert, datt d'Regierung näischt hätt wëllen um Mindestloun änneren. Domat, datt d'Regierung de Sujet awer mat an d'Tripartite geholl hätt, wier d'Situatioun deblockéiert ginn, esou d'Nora Back.
"Betriber sollten de Leit hir Paie bezuelen, net de Staat"
D'Gewerkschaftsunioun hat am Virfeld eng Erhéijung vum Mindestloun vun 300 Euro gefuerdert. Am Accord de principe vun der Tripartite, deen nach duerch d'Gremie vun de Gewerkschafte muss, ass ee Steierkreditt geplangt, deen d'Leit zousätzlech zum Mindestloun kréien. Dee Steierkreditt gëtt et schonn a läit aktuell bei 81 Euro. Duerch den Tripartite-Accord soll en an Etappe bis den 1. Juli 2027 op 200 Euro klammen - also eng Hausse vun 119 Euro par rapport zu haut.
"Do konnte mir net nee soen. Et geet jo drëm, datt mir eppes fir d'Leit dobäi erausschloen."
Trotzdeem wier een net frou, datt déi Zomm vum Steierkredit iwwer Steiergelder soll bezuelt ginn, esou d'Nora Back.
"Mir si schonn der Meenung, datt et un de Betriber ass, de Leit hir Paien ze bezuelen. A mir sinn och net frou, datt d'UEL do komplette Blockage gemaach huet."
Duerchaus géifen et verschidde Betriber ginn, déi duerch d'Erhéijung Schwieregkeete kéinte kréien, mee dat géif fir déi meescht Betriber net gëllen, esou d'Nora Back. Dozou hätt een och Léisungen am Virfeld vun der Tripartite eragereecht.
Et wier richteg verhandelt ginn
Dem Premier Luc Frieden no hätt een an de Staatsfinanze Sputt fir de ganze Mesurepak vu 450 Milliounen Euro ze bezuelen.
D'Nora Back seet, datt de Gewerkschaften hir Fuerderungen a Léisungen iwwerhaapt gehéiert gi wieren, géif weisen, datt déi ganz Stëmmung tëschent de Sozialpartner anescht wier.
"Et war wierklech eng ganz aner Qualitéit an der Diskussioun wéi an de Sozialronnen. Et ass negociéiert ginn. Et ass net just esou nogelauschtert ginn an herno décidé tout seul, wéi mir elo gesot haten, mee et ass matenee negociéiert ginn."
D'Nora Back stëmmt iwwerdeems dem UEL-President Michel Reckinger zou, datt d'Tripartite vu Säite vun der Regierung gutt preparéiert war.
D'Detailer iwwer d'Energiesubventioune sinn nach net bekannt. Vum Prinzip hier wier et awer änlech wéi d'Mesuren, déi nom Ausbroch vum Krich an der Ukrain decidéiert gi wieren, erkläert d'Nora Back. Et wier leider bëssen nom Géisskanprinzip.
"Mee bei den Energiepräisser ass et esou, datt all Produite sollen eng Baisse vun de Präisser kréien. Dat hëlleft de Leit an hirem Portmonni an hëlleft, d'Inflatioun ze bremsen."
D'Tripartite wäert e Suivi kréien
D'OGBL-Presidentin confirméiert och, datt d'Gewerkschaftsunioun nees an de Comité permanent du travail et de l'emploi wäert goen. Och do wier op hir Fuerderung gelauschtert ginn, datt de Sozialdialog nees misst eng aner Qualitéit kréien.
"Dee muss erëm op deen Niveau gehuewe ginn, wéi en ëmmer zu Lëtzebuerg funktionéiert huet."
Dat hätt ee garantéiert kritt, andeems ee reegelméissege Suivi vun der Tripartite wäert ginn. Do sollt et dann och ënner anerem ëm de Logement goen, esou d'Nora Back.
Lauschtert hei dee ganzen Interview mat der OGBL-Presidentin