Méi wéi 50.000 Leit kommen all Dag aus der Belsch op Lëtzebuerg schaffen. Knapp all Zéngte vun hinnen kënnt aus der däitschsproocheger Gemeinschaft. Ënner hinnen de Raphael Heck. Hien ass wärend 25 Joer all Dag fir ze schaffen op Lëtzebuerg gefuer.
Och d'Belsch wier attraktiv
Zënter zwee Joer awer schafft hien zu Worriken am Oste vun der Belsch. Hien ass eent vun de Gesiichter vun der neier Campagne "Pendeln neu rechnen", déi d’Regierung vun der däitschsproocheger Gemeinschaft zesumme mat de Patronatsverbänn aus der Regioun gestart hunn.
Hiert Zil: Leit iwwerzeegen, an hirer Heemecht ze bleiwe fir ze schaffen, erkläert d’Joëlle-Anna Jannssen, Referentin fir Standortkommunikatioun am Ministère vun der däitscher Gemeinschaft am Interview mam belsche Rundfunk BRF.
"Weil diese Zielgruppe der Pendler für uns sehr interessant ist, weil sie einerseits hier leben, die Region also kennen und schätzen, aber andererseits auspendeln, haben wir diese Kampagne entworfen, um diesen Menschen zu zeigen, dass es auch in Ostbelgien attraktive berufliche Möglichkeiten gibt."
Vill Leit wéissten net wéi eng berufflech Perspektiven et an der Regioun géife ginn, seet de Samuel Deneffe, Directeur général adjoint vum Wirtschaftsverband AVED-IHK Ostbelgien.
Internationale Secteur wuel present
Den Oste vun der Belsch géif dofir dacks ënnerschat ginn.
"Weil die harten Standortfaktoren nicht in unserer Hand liegen. Dennoch haben wir Standortfaktoren, die eindeutig eine Rolle spielen können."
Beispillsweis hätt een eng Betribslandschaft, mat sougenannten "hidden champions".
"Also Betrieben, die unbekannt sind, aber weltweit führend sind und dementsprechend auch sehr interessant für zum Beispiel junge Leute oder eben Arbeitnehmer sind, die in ihrem Sektor sich entwickeln möchten oder international tätig sein möchten."
38- amplaz 40-Stonne-Woch
An der Belsch ze schaffen hätt awer och Virdeeler, déi d’Leit misste consideréieren, fënnt de Ministerpresident vun der däitschsproocheger Gemeinschaft, den Oliver Paasch.
D’Belsch ka par rapport zu hiren Nopeschlänner vläicht net mat engem bessere Salaire oder enger méi niddereger Steierlaascht punkten. Mee verschidden Aspekter géifen d’Schaffen an der Belsch attraktiv maachen.
"Wie zum Beispiel die Tatsache, dass es in Belgien ein 13. Monatsgehalt gibt oder auch, dass die Arbeitszeiten anders gestaltet werden. Wir haben hier üblicherweise die 38-Stunden-Woche. In Luxemburg sind es 40. Es macht also Sinn, diese Rechnung für sich selbst noch einmal zu machen."
Bei der Rechnung, ob et Sënn mécht, ze pendelen, muss een natierlech och d’Zäit mat arechnen, déi een all Dag mam Transport verbréngt, seet d’Joëlle-Anna Janssen.
"Laut einer Umfrage des Personaldienstleisters SD Works sind Belgier im Schnitt eine Stunde am Tag unterwegs auf ihrem Arbeitsweg. Auf ein Jahr gerechnet, sind das 220 Stunden."
Gutt bezuelten Iwwerstonnen oder laangen Aarbechtswee
D’Auteure vun der Campagne argumentéieren, datt een amplaz vun den 220 Stonnen Aarbechtswee kéint 240 fräiwëlleg Iwwerstonne maachen, déi nach gutt bezuelt géife ginn.
Zënter dësem Summer nämlech kënne Vollzäit-Salariéeën an der Belsch 360 fräiwëlleg Iwwerstonne pro Joer maachen. Fir 240 Stonne gëllt de Prinzip Brutto ass gläich Netto. Dat heescht, op deene Stonne bezilt ee keng Lounsteier an och keng Cotisatiounen.
Esou ze soen géif een dann den Aarbechtswee duerch gutt bezuelten Iwwerstonnen ersetzen.
De Message, deen d’Campagne wëllt vermëttelen, ass kloer: Eng Aarbecht an der Heemecht spuert Zäit an Nerven am Stau a kann dank de neie Reegelen och finanziell attraktiv sinn. Ob d’Argumenter duergi fir d’Leit ze iwwerzeege mam Pendelen opzehalen, bleift ofzewaarden.