Radioen

On air

Wuelklang nom Iessen  |  Norbert Burgmüller - Entr'actes, Op. 17, I. Adagio - Hofkapelle Stuttgart, Frieder Bernius (Dir.)

play_arrow Live
opus

/ Manner Doudesfäll duerch Iwwerdosissen

Tendenz no ënnen

Manner Doudesfäll duerch Iwwerdosissen

D‘Zuel vun Doudesfäll duerch eng Iwwerdosis un Drogen ass an de leschte Jore generell erofgaangen – nämlech vun 12 am Joer 2015 op 9 d‘lescht Joer. Dat äntwert d‘Gesondheetsministesch op eng parlamentaresch Fro zum Thema vun der CSV.

auto_stories

1 min

Foto: Bigstock / Kenishirotie

Grond fir d‘Baisse wier ënnert anerem d‘Aféiere vun iwwerwaachte Konsumräim, wéi dem Abrigado op der Gare. Déi Substanzen, déi am heefegsten an Iwwerdosisfäll entdeckt goufen, wiere virun allem Opioïden an op zweeter Plaz Kokain. Allerdéngs géifen d‘Expertise vun de leschten zwee Joer een Droge-Polykonsum bei all deenen noweisen, déi duerch eng Iwwerdosis Droge gestuerwe sinn, esou nach d‘Ministesch.