Radioen

On air

Frëndlech Musek fir niewebäi  |  Giuseppe Tartini - Sonat fir Gei a Cello a La Majeur, B.G A 4, I. Allegro - Duo Tartini

play_arrow Live
opus

/ Migratioun: Kee Sträitsujet um EU-Sommet, mee och keng konkret Resultater

EU-Sommet

Migratioun: Kee Sträitsujet um EU-Sommet, mee och keng konkret Resultater

Um EU-Sommet gouf wuel net iwwert d'Migratioun gestridden. Et koum awer och net dozou, datt ee sech iwwer d'Mesuren eens ginn ass. Mir kucken op de Sommet mat eiser EU-Korrespondentin Danièle Weber.

auto_stories

3 min

headphones

5 min

play_arrow
Foto: European Union

Lauschtert den Talk mam Danièle Weberplay_arrow

D‘Migratioun wier "extrem intensiv" um Sommet diskutéiert ginn. Dat sot de Premier Luc Frieden um Donneschdegowend spéit no där Reunioun vun de 27 Staats- a Regierungscheffen.

Et gouf zum Beispill eng méi staark Zesummenaarbecht mat den Hierkonftslänner festgehale, fir d‘Zeréckschécke vu Migranten, déi keng Openthaltserlabnis hunn, méi effikass ze organiséieren. Sou Punkte si scho méi dacks festgehale ginn.

Am konkretsten ass am Fong, datt d’Kommissioun invitéiert gëtt, een neit Gesetz fir d’Retoure virzeleeën. Eppes, wat jo eng ganz Partie Länner - dorënner Lëtzebuerg - esou gefrot hunn. D’Kommissiounscheffin huet dann och gëschter versprach, dat séier ze maachen.

Aussoen nom Sommet net ganz kohärent

Aner Iddien, wéi Zentre baussent der EU fir d'Retouren ze organiséieren oder Asyldemanden ze préiwen, sinn allerdéngs net méi konkret ginn.

De Lëtzebuerger Premier Luc Frieden hat uganks vum Sommet gesot, hie géif a priori net all ze vill vun deenen externe Léisungen halen. Senger Meenung no wiere se schwéier an der Praxis ëmzesetzen. Oder datt hie vläicht och nach net richteg verstanen hätt, wéi dat konkret gemengt ass.

Nom Sommet sot hien, dat wier elo awer kee gréissere Sujet gewiescht bei de Gespréicher.

D‘Kommissiounspresidentin Ursula vun der Leyen seet hirersäits, datt verschidde Pisten, dorënner och déi sougenannte Return Hubs, diskutéiert gi wieren. Et ass net déi éischter Kéier, datt d‘Aussoen no engem Sommet net ganz kohärent sinn.

Éisträich schwätzt vu Paradigmewiessel

Egal wéi kann ee festhalen, datt iwwert déi nei oder innovativ Léisungen nach net vill bekannt ass. An et kann een och festhalen, datt d’Meenungen doriwwer nach ëmmer ausernee ginn. Als eenzegt Land huet iwwregens Spuenie gesot, et wier carrement dogéint.

Dänemark, Italien an Holland haten um Bord vum EU-Sommet op eng Reunioun invitéiert, fir d‘Migratioun an den Zentrum vun der EU-Politik ze réckelen. Dat sinn déi Länner, déi sech ënner anerem vun esou Léisunge baussent der EU eppes verspriechen.

Éisträich gehéiert och dozou. Den éisträichesche Kanzler Karl Nehammer schwätzt enthusiastesch vun engem richtege Paradigmewiessel, an der Determinatioun géint illegal Migrante virzegoen an d’Retouren ze organiséieren.

Grousse Sträit ass ausbliwwen

De Luc Frieden wollt et net direkt esou nennen. Et hätt een awer dësem Sommet gespuert, datt et hei net zwee Campe gëtt. Ee Changement wier trotzdeem, datt ee gemeinsam wéilt virgoen.

De Bundeskanzler Olaf Scholz huet och vun enger konstruktiver Ambiance geschwat, wéi hie se nach ni bei Diskussiounen zu deem Sujet erlieft hätt.

Deemno ass wuel dee grousse Sträit ausbliwwen. Vläicht eben dowéinst, well ee sech net op konkret Mesurë festgeluecht huet. Fir eng Rei Léisunge stinn d‘Dieren elo awer op, déi bis elo vu verschiddene Länner refuséiert goufen.

Staats-a Regierungscheffe kommen op de Sujet zeréck

Mee och sou gutt wéi all Froe stinn nach op. D‘Zeréckféiere vu refuséierten Demandeuren ass schwiereg. Wéi dat sech soll änneren, gëtt net erkläert, och wann een nach esou determinéiert dorun eru geet.

Et gesäit éischter dono aus, wéi wann ee wéilt no bausse weisen, datt een eppes wëll maachen. Wat genee ass net kloer. 

Am seriööste kann een dee leschte Punkt an de Conclusiounen huelen, dee seet, d’Staats- a Regierungscheffe kéimen op de Sujet zeréck. Dovu kann ee mat Sécherheet ausgoen.

An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.

Aktualitéit
Europa
Politik a Gesellschaft