Radioen

On air

Frëndlech Musek fir niewebäi  |  Astor Piazzolla - Tanguedia I - The Wave Quartet

play_arrow Live
arrow_back_ios

digital-library

digital-library

/ Neijoerschconcert mat de Wiener Philharmoniker

Fir nozelauschteren// Klassik Live

Neijoerschconcert mat de Wiener Philharmoniker

An iwwer 90 Länner gëtt dee beléiften Neijoerschconcert vun de Wiener Philharmoniker iwwerdroen. Dorënner och Lëtzebuerg, um opus 100,7. De Riccardo Muti dirigéiert dee renomméierten Orchester mat Wierker aus der Strauß-Dynastie an hiren Zäitgenossen. De Rendez-vous ass den 1. Januar um 11:15 Auer.

auto_stories

2 min

headphones

34 min

Wiener Philharmoniker | © Dieter Nagl play_arrow
© Wiener Philharmoniker/Dieter Nagl

Zanter Joerzéngte well trëtt de Riccardo Muti reegelméisseg mat de Wiener Philharmoniker op. Den Dirigent, deen zanter 2011 Éieremember beim Orchester ass, dirigéiert den Neijoerschconcert fir déi siwente Kéier. Zesumme mam Orchester huet de Muti de Programm zesummegestallt an de Bléck dobäi op d’Ëmfeld vun der Strauss-Famill geworf. Zwee Wierker stinn um Programm, déi bis elo nach ni beim Neijoerschconcert ze héiere waren: “Fidele Brüder” vum Joseph Hellemsberger Jr. an eng Walz vun der Constanze Geiger, der éischter Komponistin um Programm vum Neijoerschconcert vun de Wiener Philharmoniker.

Dir kënnt de Concert no der Diffusioun an der Mediathéik op www.opus.radio nolauschteren.

Lauschteren - Deel 1play_arrow

Lauschteren - Deel 2play_arrow

Programm:

  • Johann Strauß I.: Freiheits-Marsch, op. 226
  • Josef Strauß: Dorfschwalben aus Österreich. Walzer, op. 164
  • Johann Strauß II: Demolirer-Polka. Polka francaise, op. 269
  • Johann Strauß II: Lagunen-Walzer, op. 411
  • Eduard Strauß: Luftig und duftig. Polka schnell, op. 206
  • Johann Strauß II: Ouvertüre zur Operette "Der Zigeunerbaron"
  • Johann Strauß II: Accelerationen. Walzer, op. 234
  • Josef Hellmesberger (Sohn): Fidele Brüder. Marsch aus der Operette "Das Veilchenmädchen"
  • Constanze Geiger: Ferdinandus-Walzer, op. 10 [Arr. W. Dörner]
  • Johann Strauß II: Entweder - oder! Polka schnell, op. 403
  • Josef Strauß: Transactionen. Walzer, op. 184
  • Johann Strauß II: Annen-Polka, op. 117
  • Johann Strauß II: Tritsch-Tratsch. Polka schnell, op. 214
  • Johann Strauß II: Wein, Weib und Gesang. Walzer, op. 333

Interpreten:

  • Wiener Philharmoniker
  • Riccardo Muti, Direktioun