Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
opus

/ Gaston Reinesch: Weider Zënsbaissen net ausgeschloss, wann 2 Prozent Inflatioun erreecht ginn

No der Zënsbaisse vun der EZB

Gaston Reinesch: Weider Zënsbaissen net ausgeschloss, wann 2 Prozent Inflatioun erreecht ginn

Déi Europäesch Zentralbank huet den Donneschdeg decidéiert dee wichtegste Leetzëns nach emol ëm 0,25 Prozentpunkten erofzesetzen, op 3,5 Prozent. Dat bedeit, datt kuerzfristeg och op de Mäert d‘Zënse fir Prêten an Depote wäerten erofgoen, erkläert de Chef vun der Lëtzebuerger Zentralbank Gaston Reinesch am 100,7-Interview.

auto_stories

2 min

Foto: Archiv

No enger éischter Baisse vum Leetzëns am Juni huet d'EZB also elo decidéiert, de Leetzëns, deen d'Banken op Reserve bei hiren nationalen Zentralbanke kréien, nach emol erofzesetzen, vun 3,75 Prozent op 3,5 Prozent. Doduerch wäerten als éischt déi kuerzfristeg an duerno déi laangfristeg Zënsen erofgoen, esou de Gaston Reinesch, Chef un der Lëtzebuerger Zentralbank.

Zënsen op Immobilieprêten a Konte ginn erof

Déi Zënsbaissë géifen och bedeiten, datt d'Zënsen op de Prête géifen erofgoen, genee wéi d'Zënsen op de Leit hiren Depoten, wéi zum Beispill engem Spuerkont.

Déi zweet Zënsbaisse vun der EZB fir dëst Joer war erwaart ginn, wéinst dem Réckgang vun der Inflatioun, déi an der Eurozon am August bei 2,2 d'Prozent louch. Dat läit no un der EZB hirem Zil vun 2 Prozent. Mee a wéi engem Rhythmus ee sech elo weider Zënsbaissë vun der EZB erwaarde kann ass net kloer. D'EZB rechent domat, datt d'Inflatioun um Enn vun dësem Joer nees liicht klëmmt, an datt déi 2 Prozent Inflatioun géint Enn vum nächste Joer wäerten erreecht ginn.

Wee a Richtung 2 Prozent Inflatioun "ganz holpereg"

De Gaston Reinesch gëtt awer ze bedenken, datt Projektioune keng exakt Wëssenschaft wieren, zemools net an der haiteger Zäit "bei engem Cumul vun ekonomeschen a geopoliteschen Onsécherheeten".

De Wee a Richtung 2 Prozent Inflatioun wäert iwwerdeems "ganz holpereg" ginn, seet de Gaston Reinesch.

Wann awer der EZB hire Projektioune vun enger Inflatioun vun 2 Prozent um Enn vum nächste Joer erreecht géife ginn "dann, mee nëmmen dann, kann een och dovun ausgoen, datt et – soe mer an den nächsten 13 Méint - zu enger ganzer Rei zousätzlechen Zënsbaissë wäert kommen".

(An enger virëschter Versioun vum Artikel hate mir geschriwwen, datt et "an den nächste Méint" zu weideren Zënsbaissë kéint kommen, wann d'Inflatiounszil vun 2 Prozent Enn 2025 erreecht wier. Mir hunn d'Formulatioun op deem Punkt preziséiert.)

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Politik a Gesellschaft
Wirtschaft