Radioen

On air

Frëndlech Musek fir niewebäi  |  Alexander Borodin - Sträichquartett Nr.2 a Ré Majeur, II. Scherzo. Allegro - Mandelring Quartett

play_arrow Live
opus

/ Noutstand wéinst Héichwaasser och an zwou italieenesche Regiounen ausgeruff

Lag a Polen nach ëmmer ugespaant

Noutstand wéinst Héichwaasser och an zwou italieenesche Regiounen ausgeruff

Wéinst dem Héichwaasser hunn zwou italieenesch Regiounen elo den Noutstand ausgeruff. Am schlëmmste betraff sinn d‘Stied Bologna, Modena a Ravenna, mee och Rimini huet et getraff.

auto_stories

1 min

© picture alliance / NurPhoto | Alessandro Bremec
Foto: picture alliance / NurPhoto | Alessandro Bremec

De rietse Katastropheschutzminister Nello Musumeci huet iwwerdeems der Administratioun vun der Regioun Emilia-Romagna virgeworf, net genuch a den Héichwaasserschutz ze investéieren. 

A Polen dergéint beweegt sech d‘Héichwaasserwell elo op der Oder weider. Betraff ass elo d‘Regioun Nordschlesien. De polnesche Regierungschef Donald Tusk huet erkläert, d‘Noutlag wier nach net eriwwer. Am tschecheschen Ostravia, dat och schro betraff war, gi gratis Hepetitisimpfungen offréiert, fir d‘Ausbreede vun der Krankheet ze verhënneren.