Radioen

On air

Concert  |  

play_arrow Live
opus

/ vel'OH: Vandalismus huet an de leschten zéng Joer zougeholl

Mobilitéit

vel'OH: Vandalismus huet an de leschten zéng Joer zougeholl

De Vel'OH gëtt all Dag ronn 650 Mol benotzt. Zanter 2018 goufen d'Standard-Vëloen duerch elektrescher ersat. Zanterhier huet sech d'Zuel vun den Abonnementer verduebelt. Parallel goungen awer och d'Fäll vu Vandalismus an d'Luucht.

auto_stories

3 min

headphones

4 min

play_arrow
Foto: Lisa Lahos

De System vun den ëffentlech zougängleche Locatiouns-Vëloen, deen aktuell vu JCDecaux geréiert gëtt, existéiert zanter 2007 zu Lëtzebuerg. 

Den opfällege bloe Vëlo ass zanterhier net méi aus der Haaptstad ewechzedenken. Eleng gëschter goufen iwwer 500 Trajete mam vel’OH an der Stad gemaach. An dat ass kee Wonner: Zwee Euro kascht ee kuerzen Trajet mam vel'OH. Fir 18 Euro kritt ee souguer ee Joresabo.

An der Moyenne 1 Prozent vun de Vëloen abandonéiert

Mat Momenter kann et scho mol virkommen, datt op verschidde Statioune kee vun den am Ganzen 1.330 Vëloe méi ze kréien ass. Dat läit awer net nëmmen un der héijer Demande: Reegelméisseg ginn och Vëloe futtigemaach, geklaut oder einfach net méi op hir Statioun zeréckbruecht. Dat wier awer net esou schlëmm, wéi et den éischte Moment schéngt, erkläert de Paul Hoffmann, Ingénieur-directeur vun der Direction Mobilité vun der Stad Lëtzebuerg.

"Mat de vélos abandonnés, do leie mer bei zéng Vëloen den Dag. Dat kléngt den éischte Moment no vill, mee wann een awer d’Gesamtzuel vun de Vëloe sech virun Aen hält, da leie mer ënner engem Prozent, wat eng ganz normal Moyenne ass, wéi ee se och an anere Stied an an anere Reseaue kennt.“

Déi abandonéiert oder futtis Vëloe gi vum Gestionnaire JCDecaux agesammelt, respektiv gefléckt an zeréck op eng vun den iwwer 140 Statiounen an der Stad an an den Nopeschgemenge bruecht. 

Problemer mat der Applikatioun

Ass de vel’OH intakt an opgelueden, kann en eigentlech ouni groussen Opwand aus der Statioun erausgeholl a genotzt ginn. An der Praxis klappt dat awer net ëmmer esou, wéi verschidden Notzer:inne vum vel’OH-System erzielen. 

"Oui, quelques fois ça ne marche pas, comme maintenant. Mais ils sont bons. Je pense qu’ils ont une bonne connectivité et il y a beaucoup de stations. Mais quelques fois ils sont cassés.“

Problemer ginn et och mat der Applikatioun vum vel’OH-Reseau. Eng Persoun beklot, datt wann een de Vëlo erëm zeréckgestallt huet, d'App trotzdeem net ophält ze zielen.

Reegelméisseg Adaptatiounen

Datt et Problemer, ënner anerem mat der Applikatioun gëtt, ass sech och de Paul Hoffmann vun der Direction Mobilité vun der Stad Lëtzebuerg bewosst. JCDecaux géing reegelméisseg Adaptatiounen un de Vëloen, de Bornen an och un der Applikatioun duerchféieren, fir de System ëmmer weider ze verbesseren, betount hien. Alles an allem wier een zefridde mam vel’OH-System an et wéilt een e weiderféieren, och wann d'Fäll vu Vandalismus zougeholl hätten. 

"Dat stellt awer generell de gesamte System net a Fro. Wéi gesot, e gëtt ganz gutt ugeholl, funktionéiert och ganz gutt. A wann da punktuell Problemer optrieden, da musse mer déi behiewen."

JCDecaux selwer war iwwerdeems net fir weider Erklärungen ze erreechen. De Kontrakt op 10 Joer tëschent der Stad Lëtzebuerg a JCDecaux leeft 2028 aus. Fir déi 10 Joer bezilt 'Stad Lëtzebuerg dem Gestionnaire ronn 12 Milliounen Euro.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Mobilitéit