Radioen

On air

Concert  |  

play_arrow Live
opus

/ Den Tim Walz ass elo offiziell Kandidat fir de Vizepresidenteposten

Parteidag vun den US-Demokraten

Den Tim Walz ass elo offiziell Kandidat fir de Vizepresidenteposten

An den USA motivéiert déi demokratesch Partei sech weider op hirem Parteikongress. Den Tim Walz huet de Moien eiser Zäit d'Investitur vun der Partei fir de Vizepresidentschaftsposten akzeptéiert.

auto_stories

2 min

Tim Walz | © picture alliance / NurPhoto | Kyle Mazza
Foto: picture alliance / NurPhoto | Kyle Mazza

Um Kongress huet hënt och de fréiere President Bill Clinton d'Basis begeeschtert. Och hien huet, wéi et d'Strategie vun den Demokraten op dësem Kongress war, den Donald Trump schaarf kritiséiert. De Clinton huet seng Leit iwwerzeegt, och wann dee 77 Joer alen Ex-President mat ziddereger Stëmm geschwat huet.

De leschten Dag gehéiert der Kamala Harris, si wäert do nach emol offiziell als Kandidatin confirméiert ginn, obwuel si dat schonn zanter engem Online-Vott ass.

US-Medien: Robert F. Kennedy zitt sech aus Walkampf zeréck

Iwwerdeems mellen US-amerikanesch Medien, datt deen onofhängege Robert F. Kennedy sech haut dierft aus dem Presidentschaftswalkampf zeréckzéien. Et gëtt erwaart, datt hien - dee gäre Komplotttheorië verbreet - seng Unhänger oprifft, fir den Donald Trump ze stëmmen. A verschiddene Swing States, wou d'Course aktuell ganz serréiert ass, kéinten dat bei de Walen déi decisiv Stëmme fir den Donald Trump sinn.

Deen Donald Trump mécht erëm Walkampf am Fräien

Nom Attentat vu virun 5 Woche war hie just an Halen opgetrueden. Bei engem Optrëtt an North Carolina gouf den Trump awer elo vu schosssécherem Glas um Podium geschützt.