Radioen

On air

De barocke Moien  |  Louise Farrenc - Sinfonie Nr.1 an Do Mineur, Op. 32, III. Menuetto: Moderato - Solistes Européens, Luxembourg, Christoph König (Dir.)

play_arrow Live
opus

/ Pensiounsreform: Et wier nach keng Pist ausgeschloss

Chamberkommissioun

Pensiounsreform: Et wier nach keng Pist ausgeschloss

A wéi eng Richtung sech d’Diskussiounen ëm eng méiglech Reform vum Pensiounssystem entwéckelen, ass och no der Sëtzung vun der zoustänneger Chamberskommissioun net méi kloer ginn. Si géif keng Pist ausschléissen, betount d’Sozialministesch Martine Deprez no der Reunioun haut um Mëttwoch. D’Consultatioun vum breede Public géif iwwerdeems op e groussen Interessi stoussen, sou d’Ministesch. 

auto_stories

2 min

headphones

2 min

Martine Deprez | © Florian Rogner play_arrow
Foto: Florian Rogner

Iwwer 2.000 Mol wier de Site schwätzmat.lu scho besicht ginn an et wieren och eng ganz Rei Proposen eragaangen, esou d’Ministesch. Am November an am Dezember da géif d’Synthèse gemaach gi vun all de Proposen, déi ee kritt hätt.

"An da wäerte mir am Januar sou Synthèsepackagen an Experteronne ginn, a parallel natierlech ëmmer nach d’Participatioun vun der Zivilgesellschaft."

Keng Tendenzen erkennbar

Der Sozialministesch no géif bis ewell keng Tendenz ginn a wéi eng Richtung sech d’Diskussiounen entwéckelen. Mee fir de lénken Deputéierte Marc Baum wier et awer un der Regierung, eege Proposen auszeschaffen.

"Si maachen nach ëmmer sou, datt si jiddwerengem nolauschtere wëllen a consultéiere wëllen, mee vun enger Regierung erwaart een awer och, datt si eegen Iddien huet an zumindest e Kader setzt. Dee Kader ass net ginn. Dat ass scho ganz erstaunlech."

D’LSAP schéngt awer no der zoustänneger Chamberkommissioun eng Tendenz erauszeliesen, sou de Mars di Bartolomeo.

"En allgemenge Constat ass, datt d'Matdeelsamkeet, wat d'Regierung wierklech wëlles huet, a Richtung Null neigt, a mir eis op dat musse beruffen, wat d'Regierung am Ufank vun der Legislaturperiod ugekënnegt huet: d'Schwächung vum allgemenge Regimm zugonschte vu private Versécherungen."

Consultatiounen dauere bis Dezember

Den neie Kommissiounspresident Marc Spautz, dee säi viru Kuerzem verstuerwene Virgänger Max Hengel ersetzt, betount iwwerdeems, datt d’Ministesch vun Ufank un ugekënnegt hat, datt si de breede Public wéilt consultéieren, an dat och bis Dezember géif undaueren. 

"Wann déi Consultatioun fäerdeg ass, datt si dann erëm kënnt, fir da mat eis driwwer ze schwätzen. Si huet och de Moien ugekënnegt, datt mir Zougang kréien zu deem, wat diskutéiert gëtt, datt mir dann och d’Méiglechkeet hunn, do nozefroen an nozehaken."

D’Gewerkschaften LCGB an OGBL haten am Virfeld der Ministesch ënnerstallt, si géif d’Ophiewe vum Plafonnement vun de Pensioun elo schonn ausschléissen, obwuel d‘Concertatioune réischt ugefaangen hunn. D’Ministesch betount, dass d‘Phase de Concertatioun nach bis Dezember geet, an dass d’Regierung réischt duerno e Kader géif setze fir d’Diskussiounen iwwert eng méiglech Reform weiderzeféieren. 

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
National
Politik a Gesellschaft