Um Fluchhafen zu Charleroi starten ab 12 Auer keng Maschinne méi. De Streik geet virun allem op déi geplangte Pensiounsreform zeréck, déi eng méiglech nei Regierung ënnert dem flamännesche Nationalist Bart de Wever wëll aféieren.
Zënter dem Sonndeg den Owend um 10 Auer, bis de haut Méindeg den Owend sollen Aarbechter aus dem ëffentleche Secteur vun de Verkéiersreseauen, der Post an anere Beräicher an der Belsch net schaffen. Opgeruff zu dem Streik hunn déi dräi grouss belsch Gewerkschaften, déi chrëschtlech CSC, liberal CGSLB a sozial FGTB. Si kritiséieren d’Pläng vun enger Pensiounsreform vun der méiglecher nächster Regierung an der Belsch bestoend aus de flamännesche Nationalisten, de Liberalen an den Sozialisten.
Bart de Wever wëllt 3 Milliarden Euro aspueren
D’Koalitiounsverhandlungen an der Belsch lafen zwar zënter de Walen am Juni 2024 nach, mee d’Kritik un de Pläng vum flamännesch-nationalistesche Formateur Bart de Wever, ass elo scho grouss. 3 Milliarden Euro wëll den de Wever de Gewerkschaften no mat senger Pensiounsreform aspueren. D’Bündnis besteet op engem Pensiounsalter vu 67 Joer, d’Gewerkschafte wëllen allerdéngs, datt dee bei 65 Joer läit. Beim däitschsproochege Radiossender BRF erkläert d’Laurie van Isacker vun der sozialistescher Gewerkschaft FGTB wat sou eng Reform bedeite kéint.
“Das bedeutet, dass die Rente am Ende - da sie sich über die ganze Karriere bezieht - auch gekürzt wird. Es werden natürlich Verluste geben, weil die zukünftige Regierung sparen muss.”
An der belscher Haaptstad Bréissel kënnt et da vun haut Méindeg 10 Auer de Moien zu enger gréisserer Demonstratioun, wou méi wéi 10.000 Leit erwaart ginn. Déi dräi grouss Gewerkschaften FGTB, CSC AN CGSLB hunn dozou opgeruff. Och do wäert den ëffentleche Verkéier massiv ageschränkt sinn.