Am Fréijoer 2028 soll op d’Cloche d’Or eng Dagesklinik vun den HRS fir ambulant Chirurgie opgoen. De President vun der Spidolsfederatioun FHL a Generaldirekter vun den HRS, de Marc Berna, erkläert am 100,7-Interview, datt ee wëlles huet no an no en Ecosystem fir ambulant Diagnostik an Therapie opzebauen.
En Zentrum an dräi Etappen opbauen
E Radiologie-Service gouf d’lescht Joer a Betrib geholl, erkläert de Marc Berna. Dee géing gutt lafen. Aktuell wieren déi meescht Apparater zu 100 Prozent ausgebucht.
Am September oder Oktober sollen zwee ophtalmologesch OP-Säll opgoen, fir och Katarakt-Operatiounen (um Groe Star also) kënnen duerchzeféieren.
Déi drëtt Stuf befënnt sech nach an enger méi fréier Entwécklungsphas. Et soll e groussen ambulante Chirurgie-Zentrum mat bis zu 4 OP-Säll entsoten. Hei solle virun allem Patienten operéiert ginn, déi kaum chronesch Gronderkrankungen hunn a just wéinst engem spezifesche Problem kommen.
“Dat kënnen Operatiounen um Beweegungsapparat sinn, am Hautberäich. Mir plange bis zu 8.000 Agrëff pro Joer duerchzeféieren.”
D'Virdeeler par rapport zu engem Spidol
De Generaldirekter vun der HRS betount, datt en ambulanten Zenter duerchaus Virdeeler par rapport zu engem richtege Spidol huet.
Mat de richtege Patienten an där selwechter Sécherheet, wéi se eng Klinik garantéiert, kéint een e méi rouegt Ëmfeld schafen, mat méi Serenitéit a méi adaptéiert fir d’Prise en charge vun deene Patienten.
"An et ass eng Plus value fir d’Mataarbechter, well et e méi rouegt Aarbechtsëmfeld ass. Keng Dramatik, keng Urgencen.”
Weider Argumenter fir en ambulanten Zentrum
Et wier och elo e gudde Moment, esou een ambulanten Zentrum ze bauen, seet de Marc Berna.
“Et passt bei de politesche Wëlle vum Land fir d’Ambuliséierung vun der Medezin virunzedreiwen.”
Ausserdeem géing et och bei d’Hôpitaux Robert Schuman passen. Ënner anerem um Site Kierchbierg wiere grouss Ëmbauprojeten um Instanzewee. Esou missten ëmmer nees Surfacë fir medezinesch Aktivitéiten oder administrativ Tâchë suppriméiert ginn.
“An där Phas brauche mir Strukturen, fir déi Operatiounen a fir dat administratiivt Personal ze placéieren. Dat ass besser wéi a Container, déi no puer Joer net méi gutt sinn.”
De Käschtepunkt vun deem Zentrum op der Cloche d’Or beleeft sech op wäit iwwer 100 Milliounen Euro, schätzt de Marc Berna. Et wier awer en dauerhaften Invest an de System, betount de President vun der FHL.
Net duerch Zoufall op der Cloche d'Or
De Choix, deen Zentrum op d’Cloche d’Or ze bauen, ass strategesch. Et hätt een eng spezifesch Etüd iwwer de Quartier gemaach, erkläert de Marc Berna.
“Et sinn ëmmer méi Leit, déi do wunnen. Ëmmer méi Leit, déi do schaffen. De Quartier ass gutt ugebonnen un de Rescht vun der Stad. Fir eis bitt de Quartier ganz vill Virdeeler.”
Ambulanten Zentrum ass "keen Hotel"
Dobäi kënnt, datt d’HRS esou hir Aktivitéite weider um Terrain ausbreede kënnen, an d’Patiente sech dacks den nooste Site eraussiche kënnen.
De Marc Berna betount ausserdeem, datt d’Offer am Kader vum Lëtzebuerger Gesondheetssystem ass. D’Equitéit vum Accès wier “ganz wichteg”.
“Mir bidden och méi innovativ Aarten u fir Leit, déi mussen – oder wëllen – eng, zwou oder dräi Nuechten do verbréngen. Mee den Numm Hotel géing ech awer net benotzen.”
Konkurrenz géing et am Secteur keng ginn
Et wëllt een esou séier wéi méiglech mat den Aktivitéite lassleeën. Verspiert een eventuell Drock vun anere Spideeler? Nee, seet de Marc Berna. Konkurrenz géing et keng ginn. Tëschent de Klinicke géing sech och um Niveau vun der FHL ausgetosch ginn.
“Mir gesinn dat komplementar zu allen anere Prestatairen um Terrain.”
Wann een an Zukunft wëllt ambulant Strukture schafen, da mussen déi per Gesetz ëmmer e Lien zu enger Klinik hunn. Dat begréisst de Marc Berna. Esou wieren nämlech d’Aarbechtsbedingungen an d’Prozedure kloer definéiert. Hie gesäit doran eng Zort Sécherheetsnetz.
Den Dr. Philippe Wilmes, deem wéinst Virwërf u gesonde Kräizbänner operéiert ze hunn, den Agrement mat den HRS entzu kritt huet, huet um Findel FindelMedic gegrënnt. Och dat ass aus der Siicht vum Marc Berna keng Konkurrenz. Zu Lëtzebuerg géing et vill Plaz gi fir vill Offeren am Secteur.
“Wann ech dat richteg verstanen hunn, ass FindelMedic och als ganz grouss Praxis geplangt. Dat ass eppes aneschters wéi dat op der Cloche d’Or.”
Affär Wilmes an der Ëffentlechkeet "suboptimal" opgeschafft ginn
Hie perséinlech hätt iwwerdeems kee Kontakt méi mam Philippe Wilmes, seet de Marc Berna. Weider wollt hie sech och net méi zu där Affär äusseren an den zoustännegen Instanzen d’Aarbecht elo iwwerloossen.
Et géing een awer e Reputatiounsschued mierken, gëtt den HRS-Generaldirekter zou. An där Spezialitéit géing et e Réckgang vun den Operatioune ginn, well eeben och den Dr. Philippe Wilmes net méi operéiert.
Da géing d’Theema awer och dacks am Gespréich mat de Patienten opkommen.
“Et ass e Vertrauensverloscht an de ganze System erbäigeféiert ginn. (...) Et war och suboptimal, wéi déi Affär an der Ëffentlechkeet opgeschafft ginn ass.”
Dem Marc Berna no hätt dës Affär an deem Ausmooss net an d’Ëffentlechkeet gehéiert.