National

D'Gewerkschaften an d'Regierung diskutéiere weider iwwer d'Aarbechtszäitorganisatioun

Nom zweete Rendez-Vous vum CPTE, dem Comité permanent du travail et de l’emploi, leien d’Positiounen tëschent de Sozialpartner bei villen Themen nach wäit auserneen. Um Ordre du jour stoungen ënnert anerem den “temps partiel familial” an d’Plattformarbecht.

auto_stories

1 min

De Patrick Dury (LCGB) an d'Nora Back (OGBL) | © Pit Beffort
De Patrick Dury (LCGB) an d'Nora Back (OGBL) (Foto: Pit Beffort)

D’Gewerkschafte kritiséieren, datt mat der Reduzéierung vun der Arbechtszäit fir Elteren vu Kanner ënner 13 Joer, esou wéi den Arbechtsminister Marc Spautz et den Ament virgesäit, kee wierkleche Fortschrëtt erreecht géif ginn.

De Salarié hätt näischt gewonnen

Der OGBL-Presidentin Nora Back no, géif et sech nämlech net wierklech ëm ee Recht handelen, wann engem Patron misste Grënn virgeluecht ginn, fir den “temps partiel familial” an Usproch ze huelen. Domat wier een als Salarié direkt u verschidde Bedingunge gebonne. 

D’Gewerkschaften fuerderen ausserdeem eng Garantie, fir zu engem spéideren Zäitpunkt nees an den temps plein zréck goen ze kënnen. 

Thema Plattformarbecht

Beim Sujet Plattformarbecht géif gard een Aarbechtsgrupp dru schaffen, fir bis Enn dëst Joer ze legiferéieren. Och bei der Plattformarbecht léichen d’Positiounen awer nach wäit auserneen, seet d'Nora Back. 

 Déi nächst Reunioun vum CPTE ass de 15. Oktober, hei soll rëm iwwer den Dossier Aarbechtszäitorganisatioun geschwat ginn.