"Je suis sur scène comme dans la vie" - dat verréit eis de Renaud Capuçon an engem Gespréich. Beim Concert de 27. Mäerz an der Philharmonie stoung de franséische Geiist am Mëttelpunkt. Hien trëtt weltwäit op, an dat net nëmme mat senger Gei, mee och als Dirigent. Bei dësem Concert huet de Museker och déi zwou Kapen un.
"Man muss jung sein um gute Dinge zu tun" - dat Zitat vum Goethe passt ganz gutt bei de Programm vum Concert, well all Wierker hunn de Beethoven, Mozart a Mendelssohn entweder als Teenager komponéiert, oder als Erënnerung un hir méi jonk Zäiten.
Dëse Concert hu mir live zesumme mam SR Kultur iwwerdroen, mat der Presentatioun vum Marie Schockmel vum 100,7 an dem Maria Gutierrez vum SR Kultur.
D'Opnam vun dësem Concert kënnt Dir no der Diffusioun nach bis den 3. Abrëll an der Mediathéik vum opus 100,7 nolauschteren.
Interview mam Renaud Capuçon:
D'Marie Schockmel huet sech zwee Deeg virum Concert am Backstage vun der Philharmonie mam Museker fir e Gespréich getraff, an deem hie nawell vill spannend Saache verroden huet.
Programm:
- Ludwig van Beethoven: "Die Geschöpfe des Prometheus op.43": Ouverture
- Wolfgang A. Mozart: Concerto fir Gei Nr. 3 KV 216
- Felix Mendelssohn Bartholdy: Symphonie Nr. 3 "Schottische"
Interpreten:
- Lëtzebuerger Philharmoniker
- Renaud Capuçon, Direktioun & Gei