Radioen

On air

De barocke Moien  |  Abbate Ranieri Capponi - Kammersonat Nr.12 a Sol Majeur, IV. Scherzo pastorale - Artemandoline

play_arrow Live
opus

/ Schëss am Metro zu Bréissel: Keng Persoun blesséiert

Zwou Metrolinne gespaart

Schëss am Metro zu Bréissel: Keng Persoun blesséiert

Zu Bréissel am Metro sinn haut um Mëttwochmoie Schëss gefall. Zwou Linne sinn den Ament gespaart.

auto_stories

1 min

© Matthew Kenwrick / Flickr

De presuméierten Täter wier nach am Metro den Ament, melle belsch Medien. D‘Police géif no him sichen an hätt d‘Linnen 2 a 6 dofir späre gelooss. D‘Schëss wieren de Moie géint 7 Auer an der Statioun Clémenceau, bei der Gare Bruxelles-Midi gefall. Et wier awer kee Mënsch blesséiert ginn.