Den ëmstriddene FIFA-President Gianni Infantino huet e weidere Schrëtt a Richtung weider Amtszäit als FIFA-President gemaach. Déi akribesch Fussballunioun (CFU) huet ugekënnegt, fir de Schwäizer ze stëmmen.
D’CFU huet erkläert, datt ee sech fir den Infantino entscheet hätt, well d’FIFA ënner him de Fussball an der Regioun finanziell ënnerstëtzt hätt.
An dëser Unioun si 25 stëmmberechtegt Verbänn vertrueden. Bei der Wal zum FIFA-President huet all FIFA-Memberland ee Vott zegutt.
Projet fir privat Investisseuren huet fir massiv Kritik gesuergt
Dës Wal fënnt den 18. Mäerz 2027 zu Rabat a Marokko statt. De 56 Joer alen Gianni Infantino geet nees als grousse Favorit an dës Wal a strieft eng véierten Amtszäit un.
Virun e puer Méint huet dat allerdéngs nach aneschters ausgesinn. No der Fussball-WM an den USA hat den Gianni Infantino e Projet virgestallt fir d’Rechter un der WM u privat Investisseuren ze verkafen.
Dëse Projet huet massiv Kritik ausgeléist an dem Infantino säi Stull liicht un d’Wackele bruecht.
Och d'FLF ass géint eng weider Amtszäit vum Infantino
Doropshin huet den europäesche Kontinentalverband UEFA sech géint eng weider Amtszäit vum Schwäizer ausgeschwat. Dorënner och Lëtzebuerg.
E richtege Géigekandidat hunn d’Europäer bis ewell awer och nach net opweises.
Ëmmer nees ass den Numm vum Arsène Wenger ze liesen.
Arsène Wenger als lescht europäesch Hoffnung?
De 77 Joer ale Fransous war jorelaang Trainer vum FC Arsenal an ass aktuell Direkter fir déi global Entwécklung vum Fussball bei der FIFA.
Och hien huet sech rezent vum Gianni Infantino distanzéiert a wëllt an den nächste Wochen eng Entscheedung huelen, ob hien untrëtt oder net. Bis den 18. November muss ee seng Kandidatur ofginn.
Mee och wann den Arsène Wenger sech fir d’Wal opstellt, esou bleift eng Victoire géint den Gianni Infantino ganz schwéier. Dat, well déi afrikanesch, ozeanesch a südamerikanesch Kontinentalverbänn dem Gianni Infantino schonn hir Ënnerstëtzung versprach hunn.
Dem Infantino seng Taktik
Bei der Wal zum FIFA-President huet all FIFA-Memberland eng Stëmm zegutt. Dobäi huet all Stëmm déi selwecht Gewiichtung. E Vott vun Däitschland, Brasilien oder England zielt also genee esouvill wéi e Vott vu Lëtzebuerg, Togo a St. Kitts and Nevis.
Dofir ass dem Gianni Infantino seng Taktik, Kontinentalverbänn mat ganz ville Memberen, wéi zum Beispill Afrika, vu sech ze iwwerzeegen, fir esou vill Stëmmen ze sammelen. An de meeschte Fäll versprécht hien deene Länner eng Finanzsprëtz a fërdert lokal a regional Projeten.
Genee dat, wat elo och an der Karibik den Ausschlag ginn huet.