Asien

Tierkei, Pakistan a Saudi-Arabien ënnerschreiwe gemeinsamen Verdeedegungspakt

Pakistan, d’Tierkei a Saudi-Arabien hunn ee Verdeedegungspakt ënnerschriwwen. Dat hunn déi dräi Länner matgedeelt. Bei engem Treffen zu Mekka vun de Staats a Regierungscheffe vun den dräi Länner, wier ee sougenannten "MEKKA-Verdeedegungspakt" ënnerschriwwe ginn. 

auto_stories

1 min

© EPA/SOHAIL SHAHZAD
(Foto: EPA/SOHAIL SHAHZAD)

All arméiert Attack géint ee vun den dräi Staate wier eng Attack op déi dräi Länner. Mat deem Pakt wéilt een déi gemeinsam Sécherheetsinteressie stäerken. Weider Detailer iwwert déi konkret Moossnamen am Fall vun engem Ugrëff goufen net genannt.

Hënt gouf Saudi-Arabien vun enger jemenitescher Huthi-Miliz attackéiert.