Atombomm

Um 81. Joresdag: Japan gedenkt den Affer vun Hiroshima

Zu Hiroshima gouf haut op en Neits den Affer geduecht vun der Atombomm, déi d‘USA viru mëttlerweil 81 Joer, de 6. August 1945, op d‘Stad erofgeheit hunn. Bei der Zeremonie am Friddenspark vun Hiroshima huet de Buergermeeschter déi grouss Militärmuechten opgeruff, op hir Atomwaffen ze verzichten. 

auto_stories

1 min

Déi japanesch Premierministesch Sanae Takaichi bei hirer Ried fir den 81. Joresdag vun Hiroshima | © EPA/JIJI PRESS
Déi japanesch Premierministesch Sanae Takaichi bei hirer Ried fir den 81. Joresdag vun Hiroshima (Foto: EPA/JIJI PRESS)

Tëschent 70.000 an 80.000 Mënsche waren direkt bei der Explosioun vun der Atombomm zu Hiroshima ëm d‘Liewe komm.

An de Joren duerno si weider vill Mënschen un de Suite vu radioaktiver Stralung a Blessure gestuerwen. Déi japanesch Autoritéite schätzen d‘Gesamtzuel vun den Doudesaffer op iwwer 340.000.