Cyclissem

UCI confirméiert Jury-Decisioun: Marie Schreiber op Plaz 2 vun der Cyclocross-EM

Déi international Vëlosfederatioun huet am Fall Marie Schreiber tranchéiert: Der UCI no hätt d‘Jury kee Feler gemaach fir d‘Marie Schreiber bei der Cyclocross-Europameeschertschaft op déi zweete Plaz zeréckzesetzen.

auto_stories

1 min

© EPA/LUKAS BARTH-TUTTAS
(Foto: EPA/LUKAS BARTH-TUTTAS)

Dat huet de President vun der Lëtzebuerger Vëolsfederatioun Camille Dahm eis confirméiert, nodeems RTL et als éischt gemellt hat. 

Fall soll ëffentlech thematiséiert ginn

De Camille Dahm huet op eis Nofro hi preziséiert: Am Bréif vun der UCI hätt d‘Lëtzebuerger Federatioun net all d‘Äntwerten op hir Froe kritt. Si wéilt dofir nach nohaken. Um nächsten UCI-Kongress soll de Fall Marie Schreiber och ëffentlech thematiséiert ginn. Dat fir Transparenz ze schafen, a fir ze verhënneren, datt et an Zukunft nach zu weideren där Fäll ka kommen, esou nach de Camille Dahm.

D‘Lëtzebuerger Federatioun hat beim europäesche Vëlos-Verband a beim Weltverband Protest géint d‘Deklasséierung vun der Marie Schreiber ageluecht. Si war bei der Cyklocross-Europameeschterschaft ugangs November an Holland als éischt iwwer d‘Arrivée gefuer.

D‘Jury huet dunn awer decidéiert, si op d‘zweet Plaz zeréckzesetzen, well si am Sprint d‘Hollännerin Lucinda Brand behënnert hätt, déi um Enn dunn d‘Goldmedail krut.