Radioen

On air

De gemittlechen Nomëtteg  |  David Ianni - Piano Songs, Op. 112, I. Rise - David Ianni (Piano)

play_arrow Live
opus

/ Ukrain-Sommet verréckelt 

International

Ukrain-Sommet verréckelt 

Wéinst der Verrécklung vun der Däitschland-Visitt vum US-President wéinst dem Hurrikan Milton ass dann och de fir e Samschdeg geplangten Ukrain Sommet verréckelt ginn. Dat mellt den US-Kommando zu Rammstein.

auto_stories

1 min

Ramstein Militärbase | © picture alliance/dpa | Andreas Arnold
Amerikanesch Militärbase zu Ramstein (Foto: picture alliance/dpa | Andreas Arnold)

Wéini de Sommet soll nogeholl ginn ass nach net gewosst. Ronn 20 Staats a Regierungscheffen hätte fir de Sommet op der US-Militärbasis zu Rammstein vir an Däitschland sollen zesumme kommen. Dorënner och den ukrainesche President Volodymyr Zelensky. Dee gëtt iwwerdeems e Freideg vum Poopst empfaangen. Dat huet de Vatikan matgedeelt.