Radioen

On air

Frëndlech Musek fir niewebäi  |  Karl Jenkins - Palladio, I. Allegretto - London Philharmonic Orchestra, Karl Jenkins (Dir.)

play_arrow Live
opus

/ De Staat schafft vun Oktober u mat enger "neier Caritas" zesummen

Annonce vum Premier

De Staat schafft vun Oktober u mat enger "neier Caritas" zesummen

D’Situatioun bei a vun der Caritas huet um Mëttwochnomëtteg dem Premier säi Briefing fir d'Press nom Ministerrot dominéiert. Hie wier erstaunt a rosen doriwwer, datt esou eppes konnt geschéien, huet de Luc Frieden erkläert.

auto_stories

2 min

Foto: SIP

Bei der Caritas wier et zu enger ganzer Rëtsch u Feelverhale komm. Et wéilt een allerdéngs alles maache fir d'Aktivitéite vun der Caritas fir de Staat weiderzeféieren, esou de Luc Frieden.

De Staat huet keng Sue verluer

D'Caritas géif d'Kreditlinne vun de Banke kontestéieren, wat si mat deenen zesumme kucke misst. De Staat huet seng finanziell Analys vun der Situatioun gemaach a kënnt zum Schluss, datt de Lëtzebuerger Staat keng Sue verluer hätt.

Well awer bei den internationalen Aktivitéite 5 Milliounen Euro vum Staat net geliwwert goufen, géifen déi ofgerechent ginn. Da kéim een ënner dem Stréch op annerhallef Millioun, déi een der Caritas nach schëlleg wier.

Just Caritas Jeunes et Familles behält eng Konventioun

Nächst Schrëtt wieren d'Kënnege vun de Konventioune mat all den ale Caritas-Strukturen, bis op Caritas Jeunes et Familles, an d’Ofséchere vun de Strukture fir Refugiéen- a Sans-abrisen dëse Mount. D'Caritas hirersäits misst d'September-Paie bezuele kënnen.

Da wéilt een d'Gouvernancereegele fir ASBLen iwwerkucken.

“Ech huele positiv zur Kenntnis déi Proposition de loi, déi d’Sozialiste virgëschter virgestallt hunn. Ech muss just soen: Am Dossier Caritas hätt dat net eppes Wesentleches geännert.”

Well et de 4 Ae-Prinzip scho schéngt ze ginn, Esou de Luc Frieden. Weider huet de Premier ugekënnegt, datt de Finanzminister Gilles Roth bei der CSSF eng Analys ufroe géif.

Pensiounsdebatt eng weider politesch Prioritéit

Wat d'politesch Prioritéite vun der noer Zukunft uginn, esou stécht do d'Pensiounsdebatt ervir, déi oppen, sachlech a respektvoll sollt geféiert ginn. Vu Mëtt September u géif déi zoustänneg Ministerin Martine Deprez eng Rei Organisatioune gesinn, fir eng Consultatioun ze maachen, heescht et vum Premier.

Bis Enn des Joers soll déi Consultatioun mat jiddwerengem, dee sech zum Theema ausgeschwat huet, duerchgeféiert ginn, éier Ufank dat anert Joer en État des lieux soll gemaach ginn. D'Zil wier eng laangfristeg Ofsécherung vum System.