EU-Sanktiounslëscht

Keng Sanktioune méi géint de Michail Fridman: déi gréng an LSAP fuerderen Erklärungen

D'Decisioun, de russesche Milliardär Michail Fridman vun der EU-Sanktiounslëscht ze huelen, hätten déi 27 EU-Memberstaaten zesumme geholl. Dat sot den DP-Ausseminister no der UN-Vollversammlung op Nofro hin. D'Oppositiounsparteien LSAP an déi gréng fuerderen elo Erklärungen.

auto_stories

2 min

Michail Fridman | © Letter One Foundation
Michail Fridman (Foto: Letter One Foundation)

De Premier Luc Frieden an den Ausseminister Xavier Bettel missten dréngend Erklärunge ginn iwwer déi Lëtzebuerger Positioun, fuerdere béid Parteien. 

Fuerderung no Kommissioun mat de Ministeren

D‘LSAP-Fraktioun schreift an hirem Communiqué, et wier e politesche Skandal, datt den Oligarch op Drock vun der Lëtzebuerger Regierung elo net méi op der EU-Sanktiounslëscht ass. Déi international Solidaritéit mat der Ukrain an d’Glafwierdegkeet vu Lëtzebuerg géifen doduerch massiv beschiedegt ginn.

Et géif ausgesinn, wéi wann der Regierung hiren Asaz, fir de Michail Fridman vun der Sanktiounslëscht ze sträichen, an direktem Zesummenhang géif stoen, mat enger Schuedenersatzklo vu 16 Milliarden Dollar, déi den Oligarch géint Lëtzebuerg agereecht huet, nodeems säi Verméigen hei am Land agefruer gouf.

D’LSAP-Fraktioun fuerdert de Premier a Ausseminister op, an den zoustännege parlamentaresche Kommissioune Stellung dozou ze huelen.

Och déi gréng fuerderen, datt eng Kommissioun a Presenz vum Premier an Ausseminister convoquéiert gëtt. 

"Ech kommentéiere se net"

D'Decisioun, den Oligarch nees vun der Lëscht rofzehuelen, wier eng gemeinsam Entscheedung vun den 27 EU-Memberlänner gewiescht, déi hien net géif kommentéieren, sot den DP-Ausseminister Xavier Bettel op Nofro hin. D'EU Presidence hätt dës Propos gemaach.  

Lëtzebuerg hat sech awer explizit dofir agesat, datt de Michail Fridman vun der Lëscht geholl gëtt. De Premier Luc Frieden (CSV) hat gëschter op enger Pressekonferenz gesot, dëst wier wier am "héijeren Interesse" vu Lëtzebuerg a fir "Schued vum Land ewechzehalen". 

Den Ausseminister huet keng esou kloer Wierder fonnt, sot awer, d'Solidaritéit wier ëmmer grouss wann et drëms geet Decisiounen ze huelen. Wann et bis ëm d'Bezuele géing, da wier een awer séier eleng.

15 Milliarden Euro Schuedenersatz

De russesche Milliardär hat Lëtzebuerg virum an engem internationale Schiidsverfaren op ronn 15 Milliarden Euro Schuedensersatz verklot, well de Grand-Duché säi Verméigen op Grond vun EU-Sanktiounen am Zesummenhank mam Ukrain-Krich agefruer hat.

Russland hat d'Ukrain am Fréijoer 2022 ugegraff. D'EU hat dorops hi verschidde Sanktioune géint Russland decidéiert.

D'Persounen, déi op der Sanktiounslëscht stinn, hate bis September dat Joer Zäit fir hir Fongen ze deklaréieren a mat den zoustännegen Autoritéiten zesummeschaffen. Sollt dat net geschéien, géif dat gläichgesat gi mat engem Ëmgoe vun den EU-Mesuren.