Radioen

On air

Notturno  |  Heinrich Baermann - Quintett a Mi bémol Majeur, Op. 23 - Rita Karin Meier (Klarinett), Belenus Quartett

play_arrow Live
opus

/ Weider 37 Leit komme bei Pager-Explosiounen ëm d'Liewen

Krich am Noen Osten

Weider 37 Leit komme bei Pager-Explosiounen ëm d'Liewen

Am Libanon ass de Bilan vun den Explosioune gëschter a virgëschter vun de Kommunikatiounsapparter vun der Hisbollah op 37 Doudesaffer geklommen. Dat deelt de libanesesche Gesondheetsministère mat. Iwwer 3.500 Mënsche wiere blesséiert ginn.

auto_stories

2 min

© picture alliance/dpa | Marwan Naamani
Foto: picture alliance/dpa | Marwan Naamani

Bei der Attack gëschter wiere 25 Mënschen ëm d‘Liewe komm a virgëschter 12. D‘Hisbollah mécht Israel dofir responsabel an huet Revanche ugekënnegt.

Déi libanesesch Hisbollah-Miliz notzt déi Kommunikatiounsapparter, well se net gutt ze orten sinn, anescht wéi mobil Telefonen. 

Virgëschter scho gouf et eng éischt Well mat enger Dosen Doudegen an dausende Blesséierten. Den israeelesche Geheimdéngscht Mossad soll hanner der Aktioun stiechen, heescht et vu verschiddene Säiten. Viséiert ass hei déi libaneesesch Hisbollah, déi dës Pagere gären notzt, well se net gutt ze orte sinn. Anescht wéi mobil Telefonen zum Beispill.

"Nei Phas am Krich"

Am Krich an der Gazasträif gëtt eng nei Phas agelaut. Dat huet iwwerdeems den israeelesche Verdeedegungsminister Joav Galant matdeele gelooss. De Schwéierpunkt géif sech an den Norde verlageren. Déi israeelesch Arméi wëllt hei um Terrain de Kampf géint d'Hisbollah verstäerken.

A spéitstens engem Joer soll Israel sech aus de besate palästinenseschen Territoiren zeréckgezunn hunn. Dat fuerdert eng Resolutioun, déi d'UN-Vollversammlung gëschter ugeholl huet. Dat mat enger klorer Majoritéit vun 124 Stëmmen. Ënner deene Stëmmen ass och déi vu Lëtzebuerg. 43 Staaten hu sech enthalen, ënner hinnen Däitschland. Ënner anerem Israel an d'USA hu géint déi UNO-Resolutioun gestëmmt, déi och net verbindlech ass.