Radioen

On air

Frëndlech Musek fir niewebäi  |  Jan Anton Kozeluch - Concerto fir Fagott an Do Majeur, LMik. JAK XIV:1, III. Allegro Assai - Sergio Azzolini (Fagott), Camerata Rousseau, Leonardo Muzii (Dir.)

play_arrow Live
opus

/ Wéinst DeepSeek: Nvidia-Aktie mat historeschem Abroch

KI aus China

Wéinst DeepSeek: Nvidia-Aktie mat historeschem Abroch

Déi international Finanzmäert erhuele sech just lues vum Schock, deen eng nei KI-Software aus China gëschter um Méindeg ausgeléist hat. De Wäert un der Bourse vum Chip-Konzern Nvidia war gëschter ëm bal 600 Milliarden Dollar agebrach: Ee Minus vu bal 17 Prozent.

auto_stories

1 min

nvidia | © Tada Images/Adobe Stock
Foto: Tada Images/Adobe Stock

Nvidia ass haut um Dënschdeg, ier d‘Marchéen opgaange sinn, awer erëm mat engem Plus vun 3 Prozent gestart a läit elo bei knapps iwwer 0 Prozent.

Ausléiser vum Schock gëschter war d‘Erkenntnis, datt ee Software mat Kënschtlecher Intelligenz méiglecherweis mat vill manner Recheleeschtung – an deemno och Chips vun Nvidia – trainéiere kéint, wéi bis ewell ugeholl.

Déi chineesesch Startup "DeepSeek“ soll nämlech een neie KI-Modell mat manner wéi 6 Milliounen Dollar a mat just e puer ofgespeckten Nvidia Chipsystmer ugeléiert hunn. Ob dat esou stëmmt, ass awer net gewosst.