Radioen

On air

Notturno  |  Heinrich Baermann - Quintett a Mi bémol Majeur, Op. 23 - Rita Karin Meier (Klarinett), Belenus Quartett

play_arrow Live
opus

/ En Tëschebilan iwwer de Pilotprojet Gemengepolice zu Esch

Sécherheetsgefill

En Tëschebilan iwwer de Pilotprojet Gemengepolice zu Esch

Zënter zwee an engem hallwe Mount patrulléiere Gemengepolizistinnen- a polizisten duerch Esch. An elo scho wéilt de Buergermeeschter Christian Weis net méi drop verzichten, erzielt hien am 100,7-Interview. Fir e komplette Bilan no där kuerzer Zäit ze zéien, wier et awer nach ze fréi. De Feedback deen de Buergermeeschter géif kréien, wier awer gréisstendeels positiv. 

auto_stories

2 min

headphones

6 min

play_arrow
Foto: Chris Zeien

Véier Beamtinnen a Beamte sinn also all Dag tëscht moies 7 Auer an owes 9 Auer duerch d'Gemeng Esch ënnerwee. Dat wieren net ëmmer déi nämmlecht, d'Police géif hei an engem Roulement schaffen. Allerdéngs géif sech erauskristalliséiere wéi eng Beamtinnen oder Beamten éischter fir déi Aarbecht gemaach wieren a wéi eng net.

Eng villfälteg Aarbecht 

D'Aarbecht vun der Gemengepolice wier nämlech eng aner Form vu Policeaarbecht, sou de Christian Weis. Hier Haaptmissioun wier et um Terrain Presenz ze weisen an duerch d'Gemeng ze patrulléieren. Hei géif et ëm den Echange mat de Leit goen, sief et mat Sans-Abrisen an den Agäng vu Geschäfter oder mat de Jugendlechen un de Vel'OH-Statiounen. Et wier awer eng villfälteg Aarbecht, betount de Buergermeeschter. 

Wou d'Beamtinnen a Beamte géife patrulléieren wier ganz verschidden. Global kéint ee soen, datt si zu 50 Prozent am Zentrum vun Esch present wieren. Fir de Recht géif et vill vun der Auerzäit ofhänken, sou géife si moies bei de Schoulen hir Tier dréien, oder owes am Beruffstrafic wiere si éischter op der Gare zu Esch ze fannen. 

D'Gemengepolice ënnersteet der regulärer Police - an dat wier och gutt esou, seet de Christian Weis. Hie wéilt als Buergermeeschter kee Scheriff no amerikaneschem Virbild sinn. Ëmmerhi wier eng Gemeng kee Policekommissariat. 

En zweete Pilotprojet Gemengepolice leeft momentan nach an der Stad.

Aktualitéit
Politik a Gesellschaft
Interview