D'Ermëttlungegoufen ënner anerem vum Terrorismus- an Extremismus-Zentrum vun der däitscherPolice iwwerholl. D'Autoritéite schléissen e politeschen Hannergrond net aus.
Dron huet sech nieft enger ukrainescher Antonov befonnt
Um Flughafen zu Leipzig gouf d'Dron bei engem ukrainesche Fliger séchergestallt. D‘Dron hätt Sprengstoff an en Zünder unhänke gehat a wier fir eng Attack ausgerüst gewiescht, esou déi däitsch Autoritéiten. Si wier nieft enger ukrainescher Antonov séchergestallt ginn.
Wéinst der Dron gouf et e Groussasaz vun der Police um Flughafen zu Leipzig, deen och de Mëtteg nach deelweis gespaart ass. D‘Police huet vun engem sécherheetsrelevante Virfall geschwat.
Fliger kollidéiert mat onbekanntem Objet
Da gouf et och nach e weidere Virfall: E Fliger, deen zu Leipzig sollt landen, ass iwwer dem Fluchhafe mat engem onbekannte Fluch-Objet kollidéiert.
De Pilot huet d‘Landung doropshi missten ofbriechen an ass awer kuerz drop sécher zu Hannover gelant. Et ass net gewosst, ob et sech bei deem Objet ëm déi Dron gehandelt huet.