Radioen

On air

Concert  |  

play_arrow Live
opus

/ Zwee mannerjäreg Jonge goufe provisoresch op Schraasseg placéiert

Parquet

Zwee mannerjäreg Jonge goufe provisoresch op Schraasseg placéiert

Et sinn op en Neits zwee Mannerjäreger an de Prisong op Schraasseg placéiert ginn. Wéi de Parquet matdeelt, sinn déi zwee Jongen an der Nuecht vun e Samschdeg op e Sonndeg vun der Police erwëscht ginn, wéi se an een Haus agebrach sinn. An dat wier och net fir d‘éischte Kéier gewiescht.

auto_stories

1 min

Foto: 100,7 Archiv

Si hätte behaapt, 12 an 13 Joer ze hunn, wat d‘Police awer net gegleeft huet. Bei enger Expertise koum eraus, datt déi zwee 16, respektiv 17 Joer al sinn.

Well an der UNISEC zu Dräibuer keng Plaz war, a well et sech ëm eng Recidive handelt, hätt de Parquet decidéiert, si provisoresch op Schraasseg ze placéieren. Et gouf eng Enquête ordonéiert an e Jugendriichter iwwerhëlt d‘Prise en charge vun den zwee Mineuren.