Episoden
Zweete Pianosconcerto vun der Albena Petrovic
Bulgaresch Musek aus dem 20. an 21. Joerhonnert mam Bulgareschen Nationale Radio-Symphonieorchester
Verschneite russesch Zarewelt
Rachmaninov trëfft op Tchaikovsky
10 Joer Alessandro Urbano!
E Live-Matschnëtt vum Anniversairesconcert vum Diddelenger Titularorganist
Romantesch Sinfonien am Fokus
Mat zwee Meeschterwierker aus dem 19. Joerhonnert trëtt den Orchestre de la Suisse Romande op: dem Brahms seng drëtt Sinfonie an dem Dvorák seng siwent.
Vu Mississippi bis un den Amazonas
De Monte-Carlo Philharmonic Orchestra spillt e Concert mat Musek déi d'Diversitéit vum amerikanesche Kontinent weist.
Den Neijoerschconcert vun de Wiener Philharmoniker
Mir iwwerdroen den Neijoerschconcert vun de Wiener Philharmoniker live vun 11:15 un! Iwwer DAB+, an der opus 100,7 App oder iwwer www.opus.radio
Mat Schwong an dat neit Joer
E Silverster-Concert mat engem Programm tëschent Klassik an Jazz
Barock a Klassik mat "Vollbeschäftegung"
Mozart, Vivaldi, Haydn mam RTÉ Concert Orchestra
Mat 23 Joer scho weltwäit op de Bünen doheem
Déi jonk Geiistin María Dueñas spillt dem Bruch säin éischte Geieconcerto mat der NDR Elbphilharmonie Orchester ënner der Baguette vum Alan Gilbert.
Eng (net) komplett Sinfonie
Dem Schubert seng "Unvollendete" trëfft op Wagner a Ravel.
Wann de Cor rifft
E Kammermuseksconcert am Kader vun de Veiner MusicDays, mat Wierker vu Mozart, Brahms, Reuter a Kurtág
Den Nussknacker
De perfekten, klassesche Chrëschtdag mam Tschaikowski, mat de Berliner Philharmoniker a mam Sir Simon Rattle
Crèche musicale de Noël
Bach, Mozart, Händel an Haydn, gespillt vu Kammermuseker aus de Solistes Européens, Luxembourg
Chrëschtdag-Playlëscht
Stëmm Dech an op d’Chrëschtdeeg mam Christophe Mirkes!
Au Seuil de l'Avent
E ganz feierleche Concert aus der Stater Kathedral, mat der Maîtrise, dem Ensembel Estro Armonico an dem Paul Breisch op der Uergel
Santa Claus is back in town
E Mix vu bekannten a manner bekannte Chrëschtlidder - presentéiert vum WDR Funkhausorchester.
Concertsduo perfekt fir d'Chrëschtzäit
E Programm, dee sech gréisstendeels ëm Chrëschtdag dréit, an dat mat Musek vum 20. an 21. Joerhonnert, an och nach aus der Zäit vum Barock.
Cembalo héich zwee
Bei dësem Concert héiert een direkt zwee Cembaloen. Et spillen d'Anne-Catherine Bucher an de Fons Van der Linden. Um Programm: Musek vu le Roux bis Boccherini