Episoden
Duerch Musek eng ganz Welt entstoe loossen
Véier Komponisten, véier verschidde musikalesch Welten. Mee wéi kann een duerch Musek eng ganz Welt entstoe loossen?
Regensburger Tage für Alte Musik - Erëffnungsconcert
Dem Carl Maria von Weber säi Klarinetteconcerto an d'Jubelmesse mat de Regensburger Domspatzen an dem Ensembel Musica Florea, live vun den Tage Alter Musik Regensburg
Kristallkloer Klangästhetik fir wuchteg Romantiker
Souwuel de Pianist Víkingur Ólafsson, wéi och den Dirigent Kirill Petrenko si bekannt fir eng prezis Klangästhetik. Mir héieren déi zwee zesumme mat engem héichromantesche Programm
Monumental Sinfonik mam Herbert Blomstedt: dem Bruckner seng 7. Sinfonie
An dësem Concert zu Éiere vum Herbert Blomstedt leet de schweedeschen Dirigent d'Berliner Philharmoniker mam Anton Bruckner senger monumentaler 7. Sinfonie.
E Concours ganz am Zeeche vun der Uergel
Dräi Finalisten hunn den 11. September 2026 am internationalen Uergelconcours "Carlo Hommel" hiert Talent ënner Beweis gestallt.
E Concert zu Éiere vum Beethoven
Fir den ustoende 200. Doudesdag vum Komponist spillt den hr-Sinfonieorchester e Concert mam Fokus op de Beethoven
Tschaikowski, Beethoven a Rachmaninow mam koreanesche Radiosorchester
De koreanesche Radiosorchester spillt ënner der Leedung vum Myung-Whun Chung an Eliahu Inbal Wierker vun Tschaikowski, Beethoven a Rachmaninow. Solist ass de Leonidas Kavakos.
1919 - e grousst Joer fir d'Braatsch
Et ass dat Joer, an deem dräi Meilesténg entstinn: d'Sonat vun der Rebecca Clarke, déi éischt Sonat vum Paul Hindemith an d'Suite vum Ernest Bloch.
Halloween-Concert: Vun Hexen an Zauberer
Stell dech an op en intensiven, grujelege Concert, deen dech an déi perfekt Halloween-Stëmmung bréngt!
Halloween-Concert: Vun Hexen an Zauberer
Stell dech an op en intensiven, grujelege Concert, deen dech an déi perfekt Halloween-Stëmmung bréngt!
A capella aus der Kathedral
"Cantemus a capella": e Concert aus der Krypta vun der Kathedral mat der Maîtrise Sainte-Cécile
E revolutionäert Wierk: dem Mahler seng "Auferstehungssymphonie"
Op de Salzburger Festspiele hunn d'Wiener Philharmoniker ënner der Leedung vum Gustavo Dudamel dem Mahler seng 2. Sinfonie interpretéiert.
125 Joer Wiener Sinfoniker
D'Wiener Sinfoniker erënneren un 125 Joer Erfollegsgeschicht - mat Wierker vu Wagner, Berg, Ravel a Mozart, fir déi si ëmmer scho gefeiert goufen.
Brahms & Mühlfeld - e Klarinettenzyklus voller Intimitéit
Den Arthur Stockel (Klarinett), d'Hanna Salzenstein (Cello) a de Manuel Vieillard (Piano) spille Klarinettewierker vum Johannes Brahms an der Fondation Valentiny zu Remerschen.
Musek un den europäeschen Häff
Europa virum 19. Joerhonnert - eng Zäit an där de Sënn fir dat Schéint an dat Prunkvollt am Mëttelpunkt stoungen. Wéi hunn dës Aflëss aus der Monarchie Komponiste beaflosst?
Tëschent Kris a Kreativitéit
Rachmaninow a Schostakowitsch: zwee Komponisten am Duerchbroch
Il Gardellino: Concert am Dubbel
De belschen Ensembel "Il Gardellino" spillt um Festival fir al Musek zu Bukarest.
Andreas Mader um Echter' Classic
Mat sengem CD-Release "Alter Ego In Motion" ass de Saxophonist Andreas Mader fir ee ganz besonnescht Concertsformat um Echter'Classic Festival op der Bün.