1919 ass ee Joer, dat nach staark vun de Wonne vum éischte Weltkrich gepräägt war. Mee gläichzäiteg ass et dat Joer an der Museksgeschicht, an deem d’Braatsch hir Stëmm fonnt huet. Et ass nämlech dat Joer, an deem d’Rebecca Clarke, den Ernest Bloch an de Paul Hindemith jeeweils e grousst Wierk fir d’Instrument geschriwwen hunn.
D’Suite vum Ernest Bloch an d’Sonate vun der Rebecca Clark deele souguer eng Anekdot mateneen. Déi zwee Komponisten haten nämlech hir jeeweileg Wierker beim selwechte Kompositiounsconcours vun der Elisabeth Spargue Coolidge agereecht an haten allen zwee d'Nues vir ...
Programm:
Rebecca Clarke (1886-1979): Sonat fir Braatsch a Piano
Ernest Bloch (1880-1959): Suite fir Braatsch a Piano
Paul Hindemith (1895-1963): Sonat fir Braatsch a Piano, Op. 11, Nr.4
Interpreten:
Ilan Schneider (Braatsch)
Peter Petrov (Piano)
Dëse Concert Actart gouf de 15. Mäerz 2026 an der Salle polyvalente vum Stater Conservatoire opgeholl. D'Opnam ass nach disponibel bis den 30. November.