Vläicht mëss du dech den Owend prett fir op eng Halloween-Party, vläicht mëss du et dir einfach um Canapé gemittlech, mat enger Schossel voller Séissegkeeten an engem gudde Film. Egal wéi, mir hunn déi richteg Musek fir dech.
Eise Programm huet den Titel “Zauberlehrling”. Véier Wierker, véier Geschichten - aus Seechen a Literatur.
Op Halloween sinn der Legend no d’Hexen an d’Geeschter ënnerwee. Och fir d’Komponiste war dat ëmmer en interessante Sujet. Am 19. Joerhonnert hunn si sech vu Literatur, Märercher a Mythen inspiréiere gelooss. An domat sinn och déi däischter, grujeleg Gestalte wéi Hexen, Geeschter an Dämonen an d’Museksgeschicht mat agefloss.
Stell dech an op en intensiven, grujelege Concert, deen dech an déi perfekt Halloween-Stëmmung bréngt!
Programm:
Charles Gounod (1818-1893): Ouverture aus ‘Faust’ (Oper)
Modest Mussorgski (1839-1881): Eine Nacht auf dem kahlen Berge
Paul Dukas (1865-1935): L’Apprenti sorcier
Hector Berlioz (1803-1869): Symphonie fantastique, Op. 14
Interpreten:
MDR-Sinfonieorchester
Paolo Bortolameolli (Dir.)