Musek fir 4 Hänn aus Éisträich an aus Frankräich. Nieft bekannte Wierker fir dës Besetzung, wéi dem Schubert seng Fantasie, kann ee vill manner bekannte Stécker entdecken. Zum Beispill e ganz fréit Wierk vum Debussy, dat plazeweis nach bal u Brahms erënnert.
Programm:
Ludwig van Beethoven (1770-1827): 6 Variatiounen iwwer "Ich denke dein"
Wolfgang Amadeus Moazrt (1756-1791): Sonat a Re Majeur KV 381
Franz Schubert (1797-1828): Fantasie a Fa mineur D 940
Mel Bonis (1858-1937): 6 Valses-Caprices, op.87
Claude Debussy (1862-1918): Symphonie a Si mineur
Charles-Valentin Alkan (1813-1888): 3 Märsch, op.40
Interpreten:
June Lee, Piano
Kae Shiraki, Piano
Dëse Concert gouf den 11. Januar 2026 um Buerglënster Festival opgeholl. D'Opnam ass disponibel bis den 31. Mäerz 2026.