Och wann den Titel vun dësem Concert et net direkt verréit, esou dréit sech hei awer alles ëm déi franséisch Blosmusek. 5 Soliste vun de Lëtzebuerger Philharmoniker hu sech zesummegedoen a presentéieren Iech déi schéinste Wierker fir Blosquintett aus Frankräich vum 19. Joerhonnert.
Wärend dësem Concert, deen den 8. Februar zu Ettelbréck gespillt gouf, koum de Publikum vum Cape gläichzäiteg an de Genoss vun enger Wäiprouf. An och hei um Opus hëlt d’Carole Mallinger Iech fir dëse Concert mat an d’Welt vun de franséische Wäiner a souguer iwwer d’Grenzen dovunner eraus.
Kommt mat eis op d’Rees duerch déi verschidde Wäiregiounen an entdeckt déi Wäiner, déi vläicht esouguer vun de Komponiste gedronk goufe wärend si hir Musek komponéiert hunn. Vläicht stécht jo am Wäin d’Quell vun hirer Inspiratioun?
Dëst ass e Live Matschnëtt vum Concert vum 8. Februar 2026 aus dem Cape vun Ettelbréck, dee vum Opus opgeholl gouf. An dës Opnam ass nach bis de 8. Mee fir Iech disponibel.
Programm:
Paul Taffanel (1844-1908): Quintette en sol mineur
Jacques Ibert (1890-1962): Trois Pièces brèves
Darius Milhaud (1892-1974): La Cheminée du Roi
Georges Bizet (1838-1875): Suite de Carmen
Interpreten:
Markus Brönnimann, Flütt
Philippe Gonzalez, Hautbois
Arthur Stockel, Klarinett
Léo Halsdorf, Cor
David Sattler, Fagott