De Remy Franck presentéiert e Concert vum neiseelänneschen Auckland Philharmonia ënner der Leedung vun der schwäizeresch-australescher Dirigentin Elena Schwarz. Den Inon Barnatan trëtt als Solist op am Johannes Brahms sengem 2. Pianosconcerto, a weider stinn um Programm eng Ouverture vun der Louise Farrenc an d'Sinfonie a Ré Mineur vum César Franck.
Programm:
Louise Farrenc (1804-1875): Ouverture, Op. 24
Johannes Brahms (1833-1897): Concerto fir Piano Nr.2, Op. 83
Sergei Rachmaninow (1873-1943) Andante aus der Sonat fir Cello, Op. 19
César Franck (1822-1890): Sinfonie a Ré Mineur, Op. 48
Interpreten:
Inon Barnatan (Piano)
Ashley Brown (Cello)
Auckland Philharmonia (Elena Schwarz)