E bësse paradox kléngt et, wann een ee Concert aus dem déifsten Italie lauschtert, een dobäi awer Brécken tëschent Europa an den USA baut, vu spueneschem Habanera hin zu sinfoneschem Jazz mat Vaudeville-Charakter.
Mee den Orchestra dell’Accademia Nazionale di Santa Cecilia an de Pianist Stefano Bollani vereenen Jazz-, Film- a Programmmusek op engem Concert, deen ënner dem Dirigent Daniel Harding garantéiert fir Ouerewuerm-Potenzial suergt.
Den Opus bréngt dir an dësem Concert de Live-Sound vun der Piazza del Campo zu Siena heem an d'Stuff.
Vu Gershwin, Nino Rota a Ravel iwwer Programmmusek vum Modest Mussorgsky.
De Lex Kauffmann hëlt dech op dës spannend Rees mat.
Programm:
George Gershwin (1898-1937): Rhapsody in Blue (seelen Jazz-Band-Versioun!)
George Gershwin (1898-1937): It Ain't Necessarily So aus 'Porgy and Bess'
Nino Rota (1911-1979): Medley aus dem Soundtrack vun '8 1/2'
Maurice Ravel (1875-1937): Alborada del gracioso
Modest Mussorgsky (1839-1881): Bilder einer Ausstellung
Gioachino Rossini (1792-1868): Ouverture aus 'Wilhelm Tell'
Interpreten:
Stefano Bollani (Piano)
Orchestra dell’Accademia Nazionale di Santa Cecilia
Daniel Harding (Dir.)