De Remy Franck presentéiert ee Concert vum Berliner Intonations Festival, dee vun der Elena Bashkirova organiséiert gëtt. De Schwäizer Flüttist Emmanuel Pahud an déi argentinesch Pianistin Martha Argerich hu Frënn ageluede fir mat hinnen e Concert ze spillen. Um Programm stinn ë. a. de Bléiserquintett vum Nikolai Rimski-Korsakow, "Dichterliebe" vum Robert Schumann an de Quatuor pour la fin du temps vum Olivier Messiaen.
De Concert gouf den 12. Juni 2026 opgeholl. Dëse Matschnëtt ass nach bis den 28. Oktober 2026 an eiser Mediathéik disponibel.
Programm an Interpreten:
Nikolai Rimski-Korsakow (1844-1908): Bléiserquintett
- Emmanuel Pahud (Flütt)
- Pablo Barragán (Klarinett)
- Daniele Damiano (Fagott)
- Bar Zemach (Cor)
- Julia Hamos (Piano)
Sergei Rachmaninow: 2 Stécker fir Piano zu sechs Hänn
- Elena Bashkirova, Nathalia Milstein, Yael Kareth (Piano)
Robert Schumann: Dichterliebe, Op. 48
- Thomas E. Bauer (Bariton)
- Martha Argerich (Piano)
Olivier Messiaen: Quatuor pour la fin du Temps
- Pablo Barragán (Klarinett)
- Fedor Rudin (Gei)
- Astrig Siranossian (Cello)
- Nathalia Milstein (Piano)
Claude Debussy: Prélude à l'après-midi d'un faune
- Emmanuel Pahud (Flütt)
- Nathalia Milstein (Piano)