Am Joer 2012 sinn d’Fondation Henri Pensis, déi deemools d’Lëtzebuerger Philharmoniker geréiert huet, an d’Philharmonie op e gemeinsame Wee gaangen. Zwee Joer méi spéit huet sech de Quatuor Henri Pensis gegrënnt, fir datt esou den Numm vum Grënnerdirigent vum Orchester net an de Vergiess geréit.
An der Besetzung Andréa Garnier (Gei), Ryoko Yano (Gei), Ryou Banno (Braatsch) a Georgi Anichenko (Cello) war de Quatuor Henri Pensis de 7. Juni 2026 Invité an der Serie vun de Concerts apéritifs vun de Frënn vun de Lëtzebuerger Philharmoniker, dat zesumme mam Klarinettist Jean-Philippe Vivier. Sie hunn e fréit Wierk vum Joseph Haydn gespillt - säi Quartett Nr.1, Op. 1 - an e spéit Meeschterwierk vum Johannes Brahms - d'Klarinettequintett. De Concert stoung ënner der Iwwerschrëft "La chasse et la clarinette".
Programm:
Joseph Haydn (1732-1809): Sträichquartett Nr.1, Op. 1 "Jagdquartett"
Johannes Brahms (1833-1897): Klarinettequintett Op. 115
Interpreten:
Quatuor Henri Pensis: Andréa Garnier (Gei), Ryoko Yano (Gei), Ryou Banno (Braatsch), Georgi Anichenko (Cello)
Jean-Philippe Vivier (Klarinett)