Kaum een Dirigent huet esou eng impressionant a virun allem laang Karriär konnten erliewe wéi den Herbert Blomstedt. Iwwer 7 Joerzéngte laang stoung de schweedeschen Dirigent virun de renomméiertsten Orchestere vun der Welt, an de 4. November 2026 ass den Herbert Blomstedt mat 99 Joer verstuerwen. Besonnesch wichteg waren him a senger Karriär déi grouss däitsch-éisträichesch sinfonesch Wierker, speziell déi vum Anton Bruckner. Wat fir ee Wierk géing sech also besser eegne fir e Concert zu Éiere vum Herbert Blomstedt wéi dem Bruckner seng 7. Sinfonie mat hirem 2. Saz, deen als Trauermusek fir de Richard Wagner ze verstoen ass?
Lauschter monumental Sinfonik mam Herbert Blomstedt an de Berliner Philharmoniker!
Programm:
Anton Bruckner (1824-1896): Sinfonie Nr.7 a Mi Majeur, WAB 107
Interpreten:
Berliner Philharmoniker
Herbert Blomstedt (Dir.)