In the Furnace of Sound

headphones

151 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines
Vum 17. Bis den 22. November gëtt et an a ronderëm d’Philharmonie um Kierchbierg hëtzeg! D’Rainy Days stinn ënnert dem Thema “Heat” a presentéieren Donneschdes, den 19. November ee Concert mat lauter Commanden oder Neiopféierungen!
In the Furnace of Sound – sou ass de Concert iwwerschriwwen – mécht kloer, dass den Orchester deen Owend gefuerdert a gefërdert gëtt. Et geet een ob d’Sich no neie Kläng, extremen Iddien, dem Onbekannten!
An den Opus bréngt dir de Live Sound aus dem grousse Sall vun der Philharmonie heem an d'Stuff!
Lauschter ran! Dësen Donneschdeg ab 19h30 iwwer DAB+, d'Opus 100,7 App oder iwwert eise Stream op www.opus.radio
Duerch de Concert féieren de Lex Kauffmann (Opus) an d'Maria Gutierrez (SR Kultur)
 
Jack Sheen - Lap/Trough
De brittesche Komponist Jack Sheen krut vun der Philharmonie Lëtzebuerg, BBC Radio 3 an dem WDR Sinfonieorchester den Optrag ee Wierk ze schreiwen. Entstanen ass dobäi “Lap/Trough” fir grousse Sinfonieorchester. Sheen typesch ass och dëst Wierk mat Widderhuelungen a statesche Kompositiounsdeeler gerëscht.
 
Freya Waley-Cohen – Violin Concerto
Aner Weeër geet déi jonk brittesch Komponistin Freya Waley-Cohen. Fir hir Schwëster Tamsin schreift si ee Geieconcerto, deen eng éischte Kéier um Aldeburgh Festival ze héiere war.
Hir Schwëster Tamsin ass 3 Joer méi al wéi d’Freya a war fir si ëmmer ee Virbild. Duerch d’Kummerdir héiert d’Freya hir grouss Schwëster üben a Gei spillen a realiséiert: si wëll dëst Instrument och léieren! Genee dësen Dram gëtt elo knapp zéng Joer, nodeems d’Iddi am Raum stoung, ee Wierk gemeinsam ze komponéieren, Realitéit! Am Geieconcerto gëtt dëse Kandheetsdram mam Spille vun der Gei zum Liewen erwächt.
Et ass eng Commande vun der Philharmonie am Kader vun de Rainy Days, Britten-Pears Arts a BBC Radio 3.
 
Roland Wiltgen - Thermos
Och aus Lëtzebuerger Fieder gëtt direkt eng Uropféierung am Kader vun de Rainy Days gebueden. Den 69 Joer-ale Komponist a Pedagog Roland Wiltgen gräift d’Thema “Hëtzt”a sengem Wierk Thermos op. Hien kombinéiert Astronomie a Kosmologie a geet op déi éischt Momenter vun eiser Äerd musikalesch an.
Wéi huet eist Universum an den éischte Momenter nom Urknall geklong? Wéi kann een “fest”, “flësseg” oder gasfërmeg” mat Musek duerstellen? 
 
George Lewis – Ohne festen Wohnsitz
Zu gudder Lescht steet dem amerikaneschen Trombonist George Lewis säi moderne Concert “Ohne festen Wohnsitz” fir Orchester a Piano/Perkussiounsquartett op der Affiche.
D’Themen “Verdreiwung” an “Transformatioun” ginn ugeschwat. De Lewis notzt Techniken aus der Improvisatioun, fir eegen Erfarungen a Kämpf mat der Dekolonialiséierung an der Kultur ze beschreiwen. Iwwert déi lescht Joren entsteet esou “Amo”, eng Rei Kompositiounen déi de Nolauschterer gräifbar solle maachen: Näischt ass sécher, et dierf een sech net ausrouen.
 
Interpreten:
Tamsin Waley-Cohen, Gei
Yarn/Wire, Ensembel
Luxembourg Philharmonic
Jack Sheen, Dirigent
 
Programm:
Lap/Trough (commande: Philharmonie Luxembourg / BBC Radio 3 / WDR Sinfonieorchester)
Violin Concert Nr.1 "The Dreamer" (commande: Philharmonie Luxembourg / BBC Radio 3 / Britten-Pears Arts)
Thermos (commande: Ministère de la Culture Luxembourg)
ohne festen Wohnsitz... (commande: Philharmonie Luxembourg / New York Philharmonic)

Episoden

Ee brillante Programm mam Kanadesche Jugendorchester | © Melissa Taylor

Ee brillante Programm mam Kanadesche Jugendorchester

Den National Youth Orchestra of Canada spillt Wierker vu William Grant Still, Edward Elgar, Liam Ritz a Richard Strauss.
Cité d'amour: Franséische Charme mat Gesang an Akkordeon | © Alfonso Salgueiro

Cité d'amour: Franséische Charme mat Gesang an Akkordeon

D'Mezzo-Sopranistin Naama Liany an den Akkordeonist Christophe Girard an engem Récital vu Fauré bis Poulenc.
headphones

113 min

play_arrow
In the Furnace of Sound

In the Furnace of Sound

Dräi Neiopféierungen an eng Uropféierung suergen an der Philharmonie am Kader vun de Rainy Days fir de passenden, “hëtzege” Flair.
headphones

151 min

play_arrow
Duerch Musek eng ganz Welt entstoe loossen | © Bongartz

Duerch Musek eng ganz Welt entstoe loossen

Véier Komponisten, véier verschidde musikalesch Welten. Mee wéi kann een duerch Musek eng ganz Welt entstoe loossen?
headphones

123 min

play_arrow
Regensburger Tage für Alte Musik - Erëffnungsconcert | © Michael Vogl

Regensburger Tage für Alte Musik - Erëffnungsconcert

Dem Carl Maria von Weber säi Klarinetteconcerto an d'Jubelmesse mat de Regensburger Domspatzen an dem Ensembel Musica Florea, live vun den Tage Alter Musik Regensburg
headphones

121 min

play_arrow
Kristallkloer Klangästhetik fir wuchteg Romantiker | © Ari Magg

Kristallkloer Klangästhetik fir wuchteg Romantiker

Souwuel de Pianist Víkingur Ólafsson, wéi och den Dirigent Kirill Petrenko si bekannt fir eng prezis Klangästhetik. Mir héieren déi zwee zesumme mat engem héichromantesche Programm
headphones

121 min

play_arrow
Monumental Sinfonik mam Herbert Blomstedt: dem Bruckner seng 7. Sinfonie | © J.M. Pietsch

Monumental Sinfonik mam Herbert Blomstedt: dem Bruckner seng 7. Sinfonie

An dësem Concert zu Éiere vum Herbert Blomstedt leet de schweedeschen Dirigent d'Berliner Philharmoniker mam Anton Bruckner senger monumentaler 7. Sinfonie.
headphones

113 min

play_arrow
E Concours ganz am Zeeche vun der Uergel | ©  Christoph Preiß (lénks), Hyewon Jeong (Mëtt), Julien Landers (riets) (Foto: Wikimedia / fmb Hochschulwettbewerb / Facebook)

E Concours ganz am Zeeche vun der Uergel

Dräi Finalisten hunn den 11. September 2026 am internationalen Uergelconcours "Carlo Hommel" hiert Talent ënner Beweis gestallt.
headphones

127 min

play_arrow
E Concert zu Éiere vum Beethoven | © Pixabay

E Concert zu Éiere vum Beethoven

Fir den ustoende 200. Doudesdag vum Komponist spillt den hr-Sinfonieorchester e Concert mam Fokus op de Beethoven
headphones

130 min

play_arrow
Tschaikowski, Beethoven a Rachmaninow mam koreanesche Radiosorchester | © Albertina Museum

Tschaikowski, Beethoven a Rachmaninow mam koreanesche Radiosorchester

De koreanesche Radiosorchester spillt ënner der Leedung vum Myung-Whun Chung an Eliahu Inbal Wierker vun Tschaikowski, Beethoven a Rachmaninow. Solist ass de Leonidas Kavakos.
headphones

121 min

play_arrow
1919 - e grousst Joer fir d'Braatsch | © Conservatoire vun der Stad Lëtzebuerg

1919 - e grousst Joer fir d'Braatsch

Et ass dat Joer, an deem dräi Meilesténg entstinn: d'Sonat vun der Rebecca Clarke, déi éischt Sonat vum Paul Hindemith an d'Suite vum Ernest Bloch.
headphones

112 min

play_arrow
Halloween-Concert: Vun Hexen an Zauberer | © Pixabay

Halloween-Concert: Vun Hexen an Zauberer

Stell dech an op en intensiven, grujelege Concert, deen dech an déi perfekt Halloween-Stëmmung bréngt!
headphones

126 min

play_arrow
Halloween-Concert: Vun Hexen an Zauberer | © Pixabay

Halloween-Concert: Vun Hexen an Zauberer

Stell dech an op en intensiven, grujelege Concert, deen dech an déi perfekt Halloween-Stëmmung bréngt!
headphones

112 min

play_arrow
A capella aus der Kathedral | © maitrise.lu

A capella aus der Kathedral

"Cantemus a capella": e Concert aus der Krypta vun der Kathedral mat der Maîtrise Sainte-Cécile
headphones

121 min

play_arrow
E revolutionäert Wierk: dem Mahler seng "Auferstehungssymphonie" | © Marco Borrelli

E revolutionäert Wierk: dem Mahler seng "Auferstehungssymphonie"

Op de Salzburger Festspiele hunn d'Wiener Philharmoniker ënner der Leedung vum Gustavo Dudamel dem Mahler seng 2. Sinfonie interpretéiert.
headphones

121 min

play_arrow
125 Joer Wiener Sinfoniker | © Igor Ripak

125 Joer Wiener Sinfoniker

D'Wiener Sinfoniker erënneren un 125 Joer Erfollegsgeschicht - mat Wierker vu Wagner, Berg, Ravel a Mozart, fir déi si ëmmer scho gefeiert goufen.
headphones

121 min

play_arrow
Brahms & Mühlfeld - e Klarinettenzyklus voller Intimitéit | © Instagram Hanna Salzenstein

Brahms & Mühlfeld - e Klarinettenzyklus voller Intimitéit

Den Arthur Stockel (Klarinett), d'Hanna Salzenstein (Cello) a de Manuel Vieillard (Piano) spille Klarinettewierker vum Johannes Brahms an der Fondation Valentiny zu Remerschen.
headphones

113 min

play_arrow
Musek un den europäeschen Häff | © Jean-Philippe Delberghe/Unsplash

Musek un den europäeschen Häff

Europa virum 19. Joerhonnert - eng Zäit an där de Sënn fir dat Schéint an dat Prunkvollt am Mëttelpunkt stoungen. Wéi hunn dës Aflëss aus der Monarchie Komponiste beaflosst?
play_disabled
Tëschent Kris a Kreativitéit | © MDR/Gert Mothes

Tëschent Kris a Kreativitéit

Rachmaninow a Schostakowitsch: zwee Komponisten am Duerchbroch
play_disabled
Il Gardellino: Concert am Dubbel | © Bogdan Chirea/Pexels

Il Gardellino: Concert am Dubbel

De belschen Ensembel "Il Gardellino" spillt um Festival fir al Musek zu Bukarest.
play_disabled