Wann et eng Maschinn géing ginn, un déi mir eis Gehierer kéinten uschléissen, fir datt mir fir ëmmer glécklech sinn - wier dat iwwerhaapt wënschenswäert?
Wiere mir dann nach eis selwer? Wier et da wierklech nach "eist" Liewen, well et theoreetesch eist Gehier ass, dat mat Hëllef vun enger Maschinn erlieft? Kann een domat en erfëllte Mënsch sinn?
De Joachim Fontaine huet probéiert Äntwerten op dës Froen ze fannen, déi hie mat den Iwwerleeunge vum amerikanesche Philosoph Robert Nozick (1938-2002) begrënnt.