Mat der haiteger Technologie (MRT) kann een en Entscheedungsprozess am Gehier verfollegen, andeems ee kuckt, wéi eng Deeler vum Gehier aktivéiert sinn. Dat verréit awer ëmmer nach net, ob déi doraus resultéierend Decisioun richteg oder falsch ass.
Hautzedaags huet de Mënsch d'Fräiheet, selwer déi Decisiounen fir säi Liewen ze huelen, déi fir hie richteg sinn. Wier de Mënsch e rengt rationaalt Wiesen, da wier dat och guer net schwéier. Dat ass awer net de Fall.
De Joachim Fontaine beliicht dee ganze Mysterium ronderem déi mënschlech Decisioun aus deene verschidde Perspektive vum Platon iwwer den Descartes an de Freud bis hin zum Kierkegaard.