De Jean Thill ass op de Spuere vum Johannes Brahms senger 1. Sinfonie. Ganzer 21 Joer huet et gedauert, bis dës Sinfonie fäerdeggestallt an uropgeféiert gouf, dat de 4. November viru genee 150 Joer. De Johannes Brahms stoung nämlech ënner héijem Erwaardungsdrock, eng Sinfonie ze schreiwen, nodeems de grousse Meeschter Ludwig van Beethoven dëse Genre revolutionéiert huet.
Lauschter hei eran, fir e bësse méi iwwer de Wee vun dëser Kompositioun gewuer ze ginn!