D’Clara Schumann gehéiert hautzedaags zu deene bedeitensde Komponistinnen aus der Romantik. Zu hirer Zäit war si virun allem och als Wonnerkand um Piano engem internationale Publikum bekannt. D’Clara Schumann huet hiren eegene Pianoconcerto ënnert dem Mendelssohn uropgeféiert, mam Gewandhausorchester Leipzig.
Et ass och hire Pianosconcerto, deen immens vill iwwer d’Liewe vun der Clara Schumann verréit.
Et ass e Jugendwierk, dat beweist, datt d’Clara vun doheem aus als Concertspianistin gefërdert gouf an datt si eng grouss Komponistin war. An och hire spéidere Mann, de Robert Schumann hat seng Fanger bei dësem Concerto bësse mat am Spill.