Dës Woch, den 12 Juni, sinn et 20 Joer hier, datt de György Liegti gestuerwen ass. De Komponist huet d'Musekswelt mat senge Wierker beweegt a gouf och doriwwer eraus bekannt. Ënner anerem well de Star-Regisseur Stanley Kubrick seng Musek a verschiddene vu senger Filmer genotzt huet.
Am Häerzstéck geet et net ëm Filmer, mee ëm d'”Alice am Wonnerland”. Wat dat mam György Ligeti ze dinn huet a wéi de Begrëff "Onsënn" domat a Verbindung steet, doriwwer schwätzt de Luc Boentges mam Jean Thill.