Déi meescht Plaze vun de Concerts de midi si bekannt. Zënter dem leschte Joer koum eng nei Location dobäi a well dat gutt ukoum, ass se och dëst Joer nees dobäi: de Musée Dräi Eechelen. E jonke Lëtzebuerger Museker bréngt esouguer eng Kammermuseksformatioun mat, déi et bis ewell nach net gouf op de Concerts de midi. De Serge Kieffer vun der Stad Lëtzebuerg verréit, wat Iech erwaart.
Wat ass 2026 anescht bei de Concerts de midi?
headphones
4 min
Lauschteren
play_arrow
Serge Kieffer (Service Espace public, fêtes et marchés de la Ville de Luxembourg) (Foto: opus 100,7/Jo Diseviscourt)
mic_none
Presentéiert vum
- Christophe Mirkes
Episoden
Pierre Nimax senior: Concert en mémoire, mee mat Uropféierung
Professeren a Schüler:innen aus dem Stater Conservatoire trieden am Cercle Cité ënner der Leedung vum Pierre Nimax junior op.
Eng Cellistin, déi kee Problem huet hir schwaach Säit ze weisen
Déi jonk éisträichesch Cellistin Julia Hagen spillt de Freideg hiren éischte Concert hei am Land, an der Philharmonie mam Renaud Capuçon als Dirigent.
Aweiungsconcert zu Péiteng -Tristano meets OCL
Dëse Freideg gëtt déi nei Péitenger Musekschoul mam fonkelneie Concertssall ageweit. Den Highlight ass ee Concert mam Orchestre de Chambre du Luxembourg an dem Francesco Tristano.
Amazonen am Groussen Theater
Ënner dem Titel "Ballet pour les amazones d’hier et d’aujourd’hui" ginn am Groussen Theater d’Frae vu gëschter a vun haut geéiert.
Am Dial'Orgues d'Instrument kenneléieren
Den Alessandro Urbano ass Titulaire-Organist vun Diddeleng an organiséiert reegelméisseg Dial’OrgueS, en Treffe fir Interesséierter, déi d’Instrument Uergel kenneléiere wëllen.
Musek a Léift
Jiddweree vun eis hat schonn Erfarung mam Gefill vun der Léift. Ob déi Erfarung positiv oder negativ war, ka Musek sécher dobäi hëllefen, déi Gefiller ze veraarbechten.
SEL, mee méi kleng
D'Concertserie SEL Camerata bitt Museker a Frënn vun de Solistes Européens, Luxembourg eng Bün fir Kammermuseksconcerten. Den nächsten ass den 23. Februar an der Philharmonie.
It's all about sharing the joy of music!
Den Owend (11.2.) stinn zwou Starmusekerinnen zesummen op der Bün an der Philharmonie: d'Dirigentin Elim Chan an d'Pianistin Hélène Grimaud.
Nei Péitenger Musekschoul
De 27. Februar ass déi grouss Aweiung - wat ass alles nei a wat steet deen Dag um Programm?
Vum Parlament an den Theater
“Zu unseren Schwestern, zu unseren Brüdern” ass en Diptyque opératique, deen déi europäesch Mënscherechtskonventioun mat enger Oper vum Viktor Ulmann verbënnt.
15 Joer CantoLX
De Lëtzebuerger Ensembel CantoLX huet sech an deene leschte 15 Joer zënter der Grënnung een Numm an der Renaissance a Barockmusek-Zeen gemaach.
Harfekläng mat fantasteschen Erzielungen
Gebuede gëtt dëse Samschden (07.02.2026) um 20h00 ee Concert mat ganz vill Fantasie an Erzielungen nom Komponist a Schreiwer E.T.A Hoffmann.
Contretemps mam OCL
Donneschden, de 5. Februar spillt den Orchestre de Chambre du Luxembourg e Concert ënner der Baguette vum Bertie Baigent. Um Programm: Wierker vum Ravel, Haydn an eng Uropféierung.
Perspectives: Jonk Talenter op der Bün vum TNL
Den 12. Februar um 19 Auer 30 presentéiert de Projet Perspectives säi Showcase 2026 am Théâtre National.
Musek a Wäin an engem Concert!
5 Lëtzebuerger Philharmoniker spillen am Kader vun der Serie "Music and Wine" am CAPE ee Concert-Degustatioun, op deem Musek a Wäi matenee combinéiert ginn.
Eng modern Interpretatioun vun der Lëtzebuerger Volleksmusek
D’Lëtzebuerger Volleksmusek nees méi lieweg a fir e modernen, internationale Public ze adaptéieren, dat huet sech de Projet Authentica un d’Häerz geluecht.
Ravel a Gershwin op engem eenzege Concert?
Den 100 % weiblechen Trio Kaléidoscope spillt de Sonnden 1. Februar e Concert am Trifolion, bei deem Impressionismus op Jazz trëfft.
E Lëtzebuerger Philharmoniker mécht Opnam mam Gautier Capuçon
De jonke Museker a Solo-Klarinettist vun de Lëtzebuerger Philharmoniker, Arthur Stockel, huet en Disk mam weltberüümten Cellist opgeholl.
9 Proffen zu Esch "live in Concert"
"Wéi een Heemspill!" - De Christophe Frisch ass jonke Proff am Escher Conservatoire fir d'Cor. Am Oktett spillt de Museker dëse Samschden ee Concert duerch 150 Joer Museksgeschicht