Hir Zesummenaarbecht huet a Frankräich ugefaang, op enger Kammerusektournée. Elo virun enger Woch hunn de Klarinettist Arthur Stockel (Solo-Klarinettist bei de Lëtzebuerger Philharmoniker) an de Gautier Capuçon eng CD opgeholl. Et sinn nei Kompositioune vum franséische Komponist Karol Beffa.
Den Arthur Stockel verréit firwat hien ëmmer nees gäre mam Gautier Capuçon zesumme schafft.