Dëse Sonndeg den 8. Februar kann een den Arthur Stockel zesumme mat 4 Museker-Kolleegen aus de Lëtzebuerger Philharmoniker am CAPE héieren.
Als Bléiserquintett proposéieren si véier franséisch Komponiste bei engem ongewéinleche Concert. Déi 5 Lëtzebuerger Philharmoniker wäerten nämlech am Kader vun der Serie "Music and Wine" am CAPE op der Bün stoen an ee Concert-Degustatioun bidden, op deem Musek a Wäi matenee combinéiert ginn!
Den Arthur Stockel huet am Opus 100,7 Interview d'Konzept erkläert.