Zanter elo 58 Joer gëtt et zu Péiteng, am Süde vum Land, eng eege Musekschoul. Mat engem Zil: alleguerten eng musikalesch Ausbildung erméiglechen, fir spéider a Veräiner hir musikalesch Passioun ausliewen ze kënnen.
Well mëttlerweil esou vill Schülerinnen a Schüler ugemellt sinn, huet d’Schoul missen ausgebaut ginn. De 27. Februar ass déi grouss Aweiung, ënner anerem mat engem grousse Concert am neie Concertssall.