D’Fest vun der Léift feiere mir zwar net alleguer, mee jiddweree vun eis hat schonn Erfarung mam Gefill vun der Léift. Ob déi Erfarung positiv oder negativ war, ka Musek dobäi hëllefe Gefiller ze veraarbechten. An dat hu Komponisten a Komponistinne scho viru Joerhonnerte verstanen. D’Marie Trussart schwätzt mam Lex Kauffmann doriwwer, wéi Musek d’Léift an déi ganz Palett u Gefiller, déi een domat verbënnt, schonn ëmmer begleet huet. An natierlech lauschtere si a Wierker eran, déi d'Léift als Theema hunn oder eng Libesgeschicht als Hannergrond hunn.
Musek a Léift
headphones
17 min
Lauschteren
play_arrow
(Foto: Unsplash)
mic_none
Presentéiert vum
- Marie Trussart
Episoden
Tolo & Scoia: nei Kreatioun vun Toile Si-Re
Den Duo Toile Si-Re verbënnt Musek, Figurentheater a Live-Zeechnung an engem Spektakel fir Grouss a Kleng.
"Red Rocks": Uropféierung vun der neier Kompositioun vum Pierre Kremer
Den 18. Oktober, am Kader vun de Journées européennes du patrimoine, gëtt dem Pierre Kremer seng nei Kompositioun uropgefouert.
Neie véierhännegen Album: Dancing Waters
De Lëtzebuerger Pianist Romain Nosbaum an de rumänesche Pianist Florin Mantale hu fir dëst Joer eng zweet Opnam erausbruecht.
Klarinettisten a Geiiste gesicht!
E Forscherteam vum Institute of Musicology and Arts vun der Uni Lëtzebuerg analyséiert mat Sensore kierperlech Impulser bei Instrumentalisten, dat am Kader vum SAMuSe-Projet.
Alles a Beweegung: "Alter Ego in Motion" vum Andreas Mader
Am Kader vum Echter'Classic Festival presentéiert de Saxophonist Andreas Mader den 10. Oktober säi Projet "Alter Ego in Motion", wou hien ë. a. mat sengem eegene Schiet musizéiert.
An engem Otemzoch
Den 11. Oktober um 11 Auer gëtt et e weidere Concert-apéritif an der Philharmonie. Um Programm sti Bléiserquintetter vu manner bekannte Komponisten.
Duo Kiasma presentéiert Debut-Album "Polaris" live um Opus
Mat Akkordeon an Cello ass den Duo Kiasma net just besonnesch opgestallt, mee och schonn 10 Joer aktiv. Firwat elo een Debut-Album a wéi dee live kléngt? Iwwerzeeg dech selwer!
Paul Kayser beim Uergelfestival zu Diddeleng dobäi
Bei engem Concert de 6. Oktober an der Diddelenger Kierch spillt de Lëtzebuerger Organist Paul Kayser e Programm, deen sech ëm de Bach an ëm d'Improvisatioun dréint.
"Kaitsenko": Uropféierung vun der neier Kompositioun vum Kerry Turner
Den 12. Oktober fënnt an der Philharmonie e Concert surprise mat de Solistes Européens, Luxembourg statt, wou ë. a. en neit Stéck vum Kerry Turner uropgefouert gëtt.
Echter'Classic Festival 2026
Den Direkter vum Iechternacher Trifolion, Maxime Bender, ass live am Harmonesche Moien op Besuch a stellt de Programm vun der Editioun 2026 vir.
Den Amtsuntrëtt vum Martin Rajna - den Opus ass live dobäi
Den 31 Joer alen ungareschen Dirigent Martin Rajna dirigéiert den 2. Oktober säin éischte Concert als Chefdirigent vun de Lëtzebuerger Philharmoniker.
Konferenz: "Hat krit éng gutt Plâtz, wann et Piano kann"
Dat ass den Titel vun der nächster Concertskonferenz vu Mugi.lu. Déi ass den 10. Oktober um 17 Auer am Salon Bleu vum Cercle Cité.
Philharmonie: nei Saison mat neier App
D’PhilharmonieLuxembourg-App mat méi einfachem Accès zu Ticketen a mat exklusiven Offeren
"Vu Lilien a Linnen": Jugendstil, Handwierk, an eng Familljegeschicht
De Konschtschmadd Étienne Galowich huet de Jugendstil zu Lëtzebuerg matgepräägt. Seng Urenkelin erzielt iwwer säi Liewen a mécht de Lien mat der Musek.
Bachvereenegung: nei Saison mat fréie Kantaten
E feste Bestanddeel vun der Programmatioun ass och den Ensembel Ad Libitum. De Rosch Mirkes erkläert firwat dat esou ass.
A Master's Touch
De Mariano Chiacchiarini ass op en Neits op Visitt zu Lëtzebuerg a presentéiert mam Pianist Joseph Moog an dem OCL ee rare Programm an der Concertsserie "A Master's Touch".
Nei Saison vun United Instruments of Lucilin
Gëschter Owend gouf mat engem éischte Concert déi nei Saison 26/27 vu United Instruments of Lucilin lancéiert. Mee wat erwaart een dëst Joer - nei Konzepter, méi Initiativen?
Festival Bridges 2 - en Iwwerbléck mat der Grënnerin
De Festival "Bridges 2" geet de 24. September a seng 8. Editioun.
Eng Uropféierung fir d'Rentrée vum Artikuss
De Walter Civitareale huet eng nei Fassung vu senger "Jubilee Suite" fir Harmonieorchester verfaasst.