De Luc Nijs ass zënter Mee 2026 de Chef vum “Institute of Musicology and Arts” vun der Uni Lëtzebuerg. Domat ass hien den Nofollger vum Damien Sagrillo. De Fokus soll elo vun der historescher Recherche méi op déi empiresch, interdisziplinär Recherche an der Musekseducatioun geriicht ginn.
De SAMuSe-Projet, dee scho viru puer Méint lancéiert gouf, ass genau sou eng Studie. De Luc Nijs huet eis erkläert fir wéi eng Begrëffer d'Ofkierzung SAMuSe steet, wat bei de Klarinettisten a Geiisten u Wäert an Impulser gemooss gëtt a fir wien d'Resultater vun dëser Recherche herno relevant sinn.
D'Zil ass et fir insgesamt 200 Participanten ze fannen. Vun Ufänger bis professionell Museker gëtt, a 5 Niveauen agestuuft, recrutéiert. Weider Detailer an de Formulaire fir sech unzemelle fënnt een op www.project-samuse.lu